Wéi funktionéiert de System vum Tiers Payant Social?

© afp
Am 19. Deel vun eiser Serie iwwert d'CNS geet et ëm den Tiers Payant Social.
Zanter bësse méi wei 6 Joer ass d'Mesure vum Tiers Payant Social a Kraaft a gëtt de Leit, di finanziell schwaach sinn, d'Méiglech, hier Rechnunge beim Dokter net musse virzestrecken.
Esou koumen dann och scho vill Rechnunge bei der Gesondheetskeess un. Ma wéi fonctionnéiert de System a wie kann dovu profitéieren? Den Tim Morizet geet am neien Deel vun der eiser CNS Serie méi genee drop an.
Fir Bierger mat engem méi knappen Akommes oder finanzielle Schwieregkeete gesinn de Code de la Sécurité Sociale an d'Gesondheetskeess verschidde Méiglechkeete vir, déi een notzen kann.
Nieft der assistance exceptionnelle gëtt den Tiers Payant Social dacks benotzt. Fir awer vun deem kënnen ze profitéieren, muss den Assuré sech un den office social vu senger Gemeng wenden. Dësen decidéiert d'Konditioune vum TPS-System individuell. D'Gesondheetskeess huet hei kee Matsproocherecht.
Ma wat genau ass deen TPS-System? De Gaston Fischer, Assistant Projet bei der CNS erkläert: "Den TPS ass ganz einfach, datt Doktesch- an Zänndoktesch-Leeschtunge vu Leit, déi an engem finanziellen Enkpass sinn, net méi brauche virgestreckt ze ginn."
D'Konditioun fir eng Demande kënnen ze maachen ass just déi, dass een säi legale Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet. Mat der positiver Bestätegung, gëtt deen Ament en Titel ausgestallt vun entweder 3, 6, oder 12 Méint. Dee kann duerno och nach eng Kéier verlängert ginn.
Mat dësem Titel kritt een dann och e Block mat Etiquetten. Déi wéist een dem Dokter zesumme mat der Attestatioun, dee pecht eng Etiquette op d'Rechnung a schéckt se bei d'CNS eran, fir seng Suen um Enn vum Mount zu 100% vum Tarif Caisse zeréckbezuelt ze kréien. Dozou preziséiert de Gaston Fischer: "Den Assuré, dee kritt da vum Office Social seng Part erëm gefrot. Awer nëmmen dann am Fall wou en déi finanziell Mëttelen huet. Am anere Fall bleift dann déi Part an der Charge vum Office Social. Et sief awer bemierkt, datt all Supplemente fir convenance personnelle, deen net a Charge vun der Krankekeess ass, vum TPS ausgeschloss sinn"
D'Exceptioun gëllt, wann en accord prealable vum office social virläit. Deen Accord beseet den Ament, datt den office social een Deel oder de ganze Supplement géif iwwerhuelen. Dëst ass meeschtens de Fall bei Zännproteserechnungen.
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?
Serie CNS (8. Deel) - Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?
Serie CNS (9. Deel) - UPDATE - Wéini brauch ech e Krankeschäin an däerf ech e briechen?
Serie CNS (10. Deel) - Wat däerf een a wat net, wann een am Krankeschäin ass?
Serie CNS (11. Deel) - Generiquë genee sou gutt wéi original Medikamenter?
Serie CNS (12. Deel) - Prestations en nature.
Serie CNS (13. Deel) - Wat kritt ee fir de Kiné rembourséiert a wat ännert 2017?
Serie CNS (14. Deel) - Wat muss ee fir den Transport an der Ambulanz bezuelen?
Serie CNS (15. Deel) - Zousätzlech Remboursementer vum 1. Januar un
Serie CNS (16. Deel) - Wat ass de Mat-Fëmmen-Ophal-Programm vun der CNS?
Serie CNS (17. Deel) - Konditiounen, fir sech am Ausland behandelen ze loossen.
Serie CNS (18. Deel) - Spezifescht Traitement am Ausland ... rembourséiert?