Hat eng Fra wärend enger Behandlung am Intimberäich ugepaakt12 Méint Prisong mat integralem Sursis fir Fitnesstrainer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf um Stater Geriicht d'Urteel géint e Fitnesstrainer geschwat.
© RTL

De Mann gouf zu 12 Méint Prisong mat integralem Sursis verurteelt.

De Mann krut reprochéiert, am Joer 2020 eng deemools 28 Joer al Fra wärend enger therapeutescher Behandlung am Intimberäich an un der Broscht ugepaakt ze hunn. Doriwwer eraus krut d’Affer e symboleschen Euro accordéiert.

De Parquet hat 15 Méint Prisong gefrot. Den Ugekloten huet elo 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO