
De Parquet hat 20 Joer Prisong fir den Duebelmord gefrot. Den Ugekloten hätt d’Affer kalbliddeg exekutéiert.
7 Parteie kruten e moralesche Schuedenersatz vun tëschent 1.000 an 8.000 Euro accordéiert. An eng vun deene 7 Parties civiles soll och nach d’Fraise fir d’Begriefnes an Héicht vun 10.000 Euro guttgeheescht kréien. Déi allermeescht vun den 19 Parties civiles goufen awer als net fundéiert ofgewisen.