D'Police mellt2 Abriecher zu Hesper gepëtzt a Verdächtege vun Autoabroch zu Betteng festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Untersuchungsriichter haten en Dënschdeg Rendez-vous mat op d'mannst dräi Abriecher.
© RTL Archiv

E Méindeg kuerz no 18 Auer hat d’Police eng Warnung erausginn, am Raum Betteng op der Mess / Schuller keng Persoune mam Auto matzehuelen. Dat nodeems e Mann gesicht gouf, deen hei an en Auto agebrach war. De Verdächtege war nach e Méindegowend selwer fonnt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hien hat en Dënschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Eng zwou Stonnen, nodeems de Mann festgeholl gi war, gouf de Beamte vun der Police en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Diddenuewener Strooss zu Hesper gemellt. Och hei war et de Poliziste gelongen, déi zwee Verdächteg ze pëtzen - dat mat der Hëllef vun der Hondsstaffel. D’Abriecher koumen en Dënschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Um Méindeg gouf och ee Mann verhaft no Abréch an e Restaurant an an ee Café an der Rue de Macher zu Réimech. Hie war séier vun de Beamten an der Ëmgéigend gepëtzt ginn.

RTL-News: Policeasaz am Raum Betteng eriwwer: D’Police huet déi flüchteg Persoun fonnt

Back to Top
CIM LOGO