Annulatiounen a Verspéidungen22 Plainten no Chaos um Findel den 10. Mee

Roy Grotz
Honnerte frustréiert Clienten an um Enn 22 Plainten: dat ass de Bilan vum 10. Mee, wou 10 Flich annuléiert goufen an eng sëllege Verspéidung haten.
© RTL-Archiv

Vun technesche Problemer um Niveau vun de Sécherheetskontrolle war deemools rieds. Zwou Woche méi spéit koum vu LuxAirport d’Prezisioun, datt de Stecker vun engem Metalldetekter net dra gewiescht wier.

Wéinst dëse Problemer hu komplett Zone missten evakuéiert ginn, fir de Sécherheets-Check nach emol ze maachen. D’Konsequenze waren 10 Annulatioune vu Vollen a Retarde bei 43 anere Flich.

D’Airlines sinn net responsabel, Entschiedegungen ze bezuelen, wann et zu technesche Problemer kënnt. Si komme just op, wann de Vol annuléiert gouf.

D’betraffe Passagéier sinn also gehalen, eng Reklamatioun bei der Direktioun fir Konsumenteschutz ze maachen. Dat hu wéi gesot 22 Leit gemaach, wouvunner d’Hallschent vun de Plainten och ewell ofgeschloss goufen an d’Airlines hiren Obligatiounen nokomm sinn.

D’Direktioun ass par contre net responsabel fir Reklamatiounen, déi de Gérant vum Fluchhafen, LuxAirport, viséieren.

Déi zoustänneg Ministesch Martine Hansen verweist drop, datt sech Passagéier, déi Problemer mat hirem Vol hunn, direkt sollen un d’Airlines adresséieren, iwwerdeems de Schrëtt bei de staatleche Konsumenteschutz eréischt deen nächste Schrëtt ass, wann d’Rechter vun de Passagéier net agehale ginn.

Dës Prezisioune liwwert d’CSV-Ministesch als Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Duo Mars Di Bartolomeo an Yves Cruchten.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO