
Wéi de CGDIS schreift, wiere 4 Persoune verwonnt ginn.
Géint 18.25 Auer war am Mëllerdall e Motocyclist mat senger Maschinn gefall a gouf verwonnt.
Ëm déi selwecht Zäit ass zu Diddeleng an der Route de Volmerange eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Och hei gouf et ee Blesséierten. Annerhallef Stonn méi spéit ass eng weider Persoun zu Diddeleng ugestouss ginn, dat an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte. D’Police huet zum zweeten Accident nach en Zeienopruff lancéiert.
E Méindeg géint 11.47 Auer war et dann och nach en Accident zu Péiteng, wou zwee Gefierer aneneegerannt sinn. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. D’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vu Péiteng waren am Asaz.
Zu Ischpelt war et kuerz virun 11 Auer zu engem méi uergen Accident komm. Aus dem 112-Bulletin goung just ervir, dass eng Persoun vun engem Camion ugestouss gi wier an de Rettungshelikopter op der Plaz war.
Op Nofro bei der Police hu si confirméiert, dass et sech hei ëm en Aarbechtsaccident gehandelt huet an d’Persoun, déi vum Camion ugestouss gi war, schro verwonnt gouf.