Vill ze di fir de CGDIS5 Mol hat et gebrannt a 4 Mol gerabbelt

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt an hirem Bulletin eng Partie Accidenter, op anere Plazen am Land koum et zu Bränn.
© RTL Archivbild

Gebrannt hat et kuerz no 17 Auer am Tunnel Grouft. Do hat en Auto Feier gefaangen. D’Rettungsekippe ware séier op der Plaz an de Brand war no gutt enger Stonn geläscht. Wéi et vum CGDIS heescht, wier et beim Materialschued bliwwen.

Géint 18.45 Auer gouf et en Accident mat engem Gefier am Neiduerf. Hei goufen zwou Persoune verwonnt. Zwee Blesséierter gouf et nach emol kuerz no 22 Auer, wéi tëscht Käerjeng a Péiteng en Auto accidentéiert ass.

Nëmmen eng hallef Stonn drop, ass tëscht Käerjeng a Kënzeg nach en Auto verongléckt. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Zu Schraasseg huet et da géint 10 Auer an enger Wäschkichen am Prisong gebrannt. D’Pompjeeë vun Nidderaanwen waren op der Plaz, blesséiert gouf keen.

Do virdru gouf et nach aner kleng Bränn. Um Kierchbierg war et eppes virun 18 Auer eng Poubelle, déi Feier gefaangen hat. Zu Dummeldeng am Préscolairesgebai gouf et eng Dampentwécklung am Heizungsraum an zu Bäerdref war et e Frigo, dee gebrannt hat, dat géint 4.30 Auer en Dënschdeg de Moie fréi.

Back to Top
CIM LOGO