Tëschefall um Stater Geriicht72 Joer alen Ugeklote pickt sech mat spatzem Géigestand an den Hals

Roy Grotz
Wéinst dem brutale Mord u sengem deemools 29 Joer ale Bouf hat sech e Papp e Mëttwoch musse virum Stater Geriicht veräntwerten.

De Parquet huet um Enn vun den dräi Sëtzungen eng liewenslänglech Prisongsstrof wéinst de Faite gefrot, déi am November 2022 an de fréie Moiesstonnen zu Péiteng geschitt waren.

Wéi den ugeklote Papp dunn e Mëttwoch d’lescht Wuert krut, koum et awer zu engem Tëschefall, wéi sech de Mann mat engem spatze Géigestand selwer am Geriichtssall an den Hals gepickt huet.
Den 72 Joer ale blesséierte Mann konnt séier vun der Police maîtriséiert ginn a koum mat enger Ambulanz an d’Spidol.

D’Faite vum Mord gi wéi gesot op 2022 zeréck, wéi de Papp sengem Fils opgelauert hat, dee moies fréi um Wee op d’Schaff war. De Papp hat deemools säi Jong esou uerg mat engem Messer verwonnt, datt de jonke Mann an e Spidol koum an do u senge Blessure verscheet ass. D’Urteel an dëser Mordaffär ass den 3. Abrëll.

(29.11.22) Persoun zu Péiteng mat Messer verwonnt: Police confirméiert: Presuméierten Ugräifer huet sech gestallt
(30.11.25) Messerpickerei zu Péiteng: 29 Joer ale Fils vum presuméierten Täter verscheet

Back to Top
CIM LOGO