Bei der LSAP war een iwwer d'Publikatioun net iwwerrascht, well een aktuell an der Partei eben dorunner géif schaffen.

Zu deene Membere gehéieren d'Deputéiert Taina Bofferding, Tess Burton, Franz Fayot a Claudia Dall'Agnol. Donieft nach: de Gabriel Boisanté, d'Joanne Goebels, de Christophe Schiltz, de Jimmy Skenderovic, de Bob Steichen an de Sammy Wagener.

Si betounen, datt d'LSAP ouni jonk Leit an ouni Frae keng Zukunft huet. Dofir misst d'Partei geziilt jonk an nei Talenter identifizéieren an opbauen.

Da geet et och ëm de Profil vun der Partei an d'Kritik, datt d'LSAP kee klore Profil hätt. Och d'Militante wéissten net méi ëmmer genee, firwat d'LSAP géif stoen.

Et géif ee sech dacks an Detailer verléieren an net genuch iwwert dat Ganzt schwätzen. Op laang Siicht kéint dat net méi fonctionnéieren. Et misst een aus de Feeler léieren an et an Zukunft besser maachen, esou den Appell.

D'Sozialiste missten nees eng kloer Sprooch schwätzen an erëm Kant weisen. Et misst een erëm Wieler zeréckgewannen, déi schonns viru Joren enttäuscht der LSAP de Réck gedréint hunn.

Et kéint een net bei der Rentrée 2017/2018 deklaréieren "Mission accomplie" ouni ze verkennen, dass nach immens vill fir d'Sozialisten ze maache bleift, heescht et weider.

D'LSAP kéint d'Äntwerten op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft liwweren - dofir bréicht ee Realitéitssënn, Begeeschterung a vill Asaz.

Klickt op d'Foto, fir den Artikel ze vergréisseren.

Di Bartolomeo: Positiv, datt jonk Politiker sech mobiliséieren

De Chamberpresident Mars Di Bartolomeo huet an der Emissioun Background e Samschdeg de Mëtteg och op dee Bréif reagéiert, a gesot, dass hie sech nach ëmmer esou an der LSAP géif erëm-fannen, wéi deemools, wéi hie an d’Partei agetrueden ass. Hie géif sech awer och eng 30-35 Joer zeréckversat fillen, wou hien esou eng ähnlech Initiativ zesumme mat Partei-Kollegen vun deemools och lancéiert hat.

Hie fënnt et positiv, dass Jonker, déi awer scho Politik-Erfahrung hunn, sech mobiliséieren a motivéieren, fir sech de Realitéiten ze stellen an nees méi no un d’Leit wëllen erukommen.

Et wier dat awer eng Realitéit, där all Partei sech misst stellen.

Dem Mars Di Bartolomeo wier et op alle Fall net Baang ëm d’LSAP, wa sech esou Initiative géife weisen, fir d’Partei no vir ze bréngen.

Yves Cruchten: Publikatioun vum Bréif wonnert Partei net

Dat wat an deem oppene Breif vun 10 LSAP Memberen steet, deen um Samschdeg am Tageblatt publizéiert gouf, ass dat wourunner d’LSAP den Ament am gaangen ass, ze schaffen, seet de Generalsekretär Yves Cruchten am RTL Interview. A seet sech deemno och net iwwerrascht iwwert de Bréif.

AUDIO: Extrait Yves Cruchten

Doranner kritiséieren Membere vun der Partei, datt d’Partei sech ee klore Profil misst ginn, eng kloer Sprooch misst schwätzen. Och d'Militante wéissten net méi ëmmer genee, firwat d'LSAP géif stoen. Et géif ee sech dacks an Detailer verléieren an net genuch iwwert dat Ganzt schwätzen. Op laang Siicht kéint dat net méi fonctionnéieren. D’LSAP ouni jonk Leit an ouni Fraen hätt keng Zukunft, esou d’Kritik.

De Bréif soll eng Zort Weckruff un d’Partei-Basis sinn, esou de Generalsekretär vun der LSAP, deen de Bréif net ënnerschriwwen hat. Et wier och ee gudde Moment, esou ee Bréif an d’Fuerderungen ze publizéieren, och, well an e puer Deeg de Neijoerspatt vun de Sozialisten ass.

Dëst Joer sinn och Chamberwahlen. An de nächste Méint géif dat bedeiten, Faarf ze bekennen, sech ee konkret Profil ze ginn. Do hätten d’Sozialisten, wann se hire Wahlprogramm opstellen, d'Geleeënheet sech vun den anere Parteien z’ënnerscheeden.