Invité e Freideg ëm 10 op 8 war de Minister vun der Fonction Publique, Dan Kersch.

De Stage selwer soll net a Fro gestallt ginn, mä d'Durée vun dësem an och d'80/80/90-Reegelung. D'Ëmsetzung vun der Reform gëtt evaluéiert an do géingen et keng Tabue ginn, seet de Minister vun der Fonction publique, Dan Kersch.

Wat gutt ass, gëtt bäibehalen an iwwert dat, wat manner gutt ass, soll diskutéiert ginn.

Et soll net gemaach ginn, ewéi wann d'80/80/90-Regelung schonn ofgeschaaft wier, betount de Minister. Sollt dat awer de Fall sinn, da géing dat 40 Milliounen d'Joer kaschten. Wat déi Leit, déi elo am Stage waren oder sinn, do wier et an der Reegel ëmmer sou gewiescht, datt se a sou enger Situatioun net géinge vergiess ginn, mä souwäit wier et wierklech nach net, esou den Dan Kersch.

Zu rezente Virstéiss vun anere Regierungsmembere seet den Dan Kersch, datt hien eigentlech léiwer hätt, wann d'Saachen an der Regierung-Equipe géingen ofgeschwat ginn.

Den Dan Kersch seet, hie wier net de Richtegen, fir als LSAP-Spëtzekandidat fir an d'Wahlen ze goen, hie wier sech senger Schonggréisst bewosst. Sollt den Etienne Schneider Spëtzekandidat ginn, dann ënnerstëtzt den Dan Kersch dat voll a ganz.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Dan Kersch

Fir e Freideg de Mëtteg huet de Fonction-Publique-Minister iwwerdeems op eng Pressekonferenz geruff, do geet et ëm d'Evolutioun vun de Karriär beim Staat, weider Detailer wollt den Dan Kersch nach net ginn.

AUDIO: Dan Kersch Reclassement / Reportage Nico Graf

Dobäi kënnt een enger laanger Fuerderung vun de Gewerkschaften no, an zwar d'Karriären esou opzewäerten, wéi dat virun 2015 gemaach gouf. Esou kréien d'Leit hir Anciennetéit, minus 1 Échelon, unerkannt. Grad bei den Educateuren war d'Fuerderung grouss ginn, well d'Leit mam SAS-Vertrag méi verdéngt hunn, wéi hir aner Kollegen.

Vun dësem Projet de Loi sinn ëmmerhin eng 3.000 Leit concernéiert an et kascht um Enn bal 10 Milliounen. A jo, do gouf et am Regierungsrot awer nach eppes, d'Nowéie vun de Frictiounen tëschent Gréngen a Sozialisten aus de leschten Deeg.  Alles hallef esou wëll, seet den Inneminister.

Nom engem Appell vum Premier, datt sech d'Minister sollten dem Koalitiounsprogramm no schaffen, war ee sech eens. Fir den Dan Kersch ass et awer normal, datt sech d'Parteien elo am Virwahlkampf ufänken ze positionéieren..

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.