D'Staatssekretärin Françine Closener hat d'Iddi fir eng Elite-Schoul fir Gastronomie nom Virbild vum Institut Bocuse zu Lyon.

De Projet stoung um Freideg op der Dagesuerdnung am Suessemer Gemengerot, wou iwwer Prozeduren informéiert a kontrovers diskutéiert gouf.

Iwwerdeems d’Hotel- an Tourismusschoul zu Dikrech hir Offer u Formatioune vergréissert, denkt d’Regierung schonn iwwert e weidere Projet an deem Beräich no. Lëtzebuerg wier jo haut schonn dat Land mat deene meeschte Michelin-Stäre pro Awunner, mä et géif nach Potential, huet et d’lescht Woch op der Springbreak geheescht.

Françine Closener: Dofir brauche mir eng Zort Incubateur fir Talenter an der Lëtzebuerger Restauratioun. Dat heescht een Institut nom Virbild vum Institut Bocuse, wat Spëtzekäch um allerhéchsten Niveau weiderbild, a Kombinatioun mat engem Restaurant d'application, wou da jiddereen an de Genoss vun der Lëtzebuerg Kachkonscht ka kommen.  

Den 19. Mäerz waren d’Staatssekretären aus dem Wirtschafts- a Kulturministère zesumme mat Vertrieder aus dem Suessemer Schäfferot op Visite am Schlass zu Suessem. Hei kéint d’Iddi vun enger gastronomescher Elite-Schoul inklusiv Restaurant, sou wéi zu Lyon, eventuell ëmgesat ginn. Nach ass de Projet ganz vag, sou de Buergermeeschter vun der Gemeng zu Suessem Georges Engel. An den nächste Woche kënnt een eng Kéier zu Lyon mat de Leit vum Institut zesummen an do gëtt da gekuckt, wat hir Ufuerderunge sinn an ob dat am Schlass zu Suessem iwwerhaapt kann ëmgesat ginn. Weider misst een och kucken, ob dat alles mam Denkmalschutz ze vereinbaren ass an net ze vergiessen ass och de finanzielle Kader, sou nach de Georges Engel.

D’Iddi vu sou engem Institut u sech gëtt allgemeng begréisst. Déi Lénk kritiséiere just, datt se iwwert d’Press vum Projet gewuer goufen an, datt den Aarbechtsgrupp, deen extra Iddie fir Aktivitéiten am Suessemer Schlass ausschafft, net informéiert gouf.

D’Suessemer Schlass gehéiert dem Staat, sou datt d’Decisioun, wat dra kënnt, och net eleng vun der Gemeng ka geholl ginn. D’Lokalpolitiker wënsche sech awer, dass de Schlasspark fir de Public zougänglech bleift.

De Projet stécht wéi gesot nach an de Kannerschong, eng definitiv Decisioun gouf nach net getraff.