D'Sandra Schuller an d'Mae bei der Dog-Expo
Schonn e Samschdeg de Moien um 7 Auer war d'Sandra Schuller zesumme mat hirem Mupp um Kierchbierg ukomm.
Ier et an d’Ausstellungshal eragoung, gouf e Bléck an den Impfpass vun all Mupp geheit. Kontrolléiert gouf, ob d’Hënn op Tollwut geimpft wären. Do kéint dem Sandra Schuller no awer nach méi gemaach ginn.
D'Mae, dem Sandra hiren Hond huet mëttlerweil 4 Joer. Et ass een Irish–Terrier. De Juegdhond war scho bei 65 Ausstellungen dobäi. Wichteg ass hir, den Hond virun engem Concours, kengem Stress auszesetzen.
Sou wei d'lescht Joer goufen et och bei dëser Editioun nees Problemer mat Proprietären, déi hir Hënn net uerdentlech gehalen hunn. Doriwwer sinn esou Leit, ewéi d'Sandra net frou.
RTL-News: Dog-Expo: Déiereschützer kritiséieren: Nei Kontrolle ginn net duer
Houfreg ass d'Meeschtesch op hiert d'Meedchen, d'Mae. Well net méi spéit ewéi e Samschdeg konnt den Hond e weidere Championstitel gewannen.
Als Belounung fir dës gutt Leeschtung huet d'Mae dann e Sonndeg och dierfe sech an der Wiss austoben, wat dem Mupp och ganz gutt gedoen huet.