Den Dr. Michel Nathan, fréieren Direkter vum Escher Spidol, gëtt neie President vum Verwaltungsrot vum Centre hospitalier neuropsychiatrique Ettelbréck.

De Gesondheetsministère huet eis dat um Donneschdeg de Moie confirméiert. Den Dr. Nathan wär d'lescht Woch am Regierungsrot nominéiert ginn. An de leschte Méint hu souwuel den Direkter an de President vum Verwaltungsrot vum CHNP demissionéiert, wéinst Divergenzen, well soll eventuell mam Ettelbrécker Spidol fusionéiert ginn.

D'Plaz vum Direkter vum CHNP zu Ettelbréck gëtt elo ausgeschriwwen.

Lëtzebuerg kritt dann och 4 weider IRMen, sou den 100,7.

D'Nouvelle ass an der Quadripartite d'lescht Woch gefall.

E Mëttwoch sinn d'Autorisatiounen un d'Spideeler eraus gaangen. All Kéiers en neien Apparat kréien de Centre hospitalier an der Stad, de CHEM zu Esch, d'Spidol um Kierchbierg an dat zu Ettelbréck.

Aktuell gëtt et 7 IRMen am Land. D'Waardezäite sollen erof goen.