Manner Risk a manner Péng mat Hëllef vun Operatiounsroboteren
Lëtzebuerger Chirurge kënne sech d’Medezin ouni modern Operatiounsroboteren net méi virstellen.
An enger ganzer Rei vu Methode gehéiere si haut zum Standard a garantéieren dem Patient no der OP manner Risk a Péng, an an der Reegel komme si no enger OP mam Roboter och méi séier nees op d’Been. D’Robotere selwer sinn dobäi guer net nei an och net eenzegaarteg, et sinn d’Methoden, fir déi Lëtzebuerger Chirurgen sech an Europa en Numm gemaacht hunn, well se ausser bei eis am Land vu kaum engem auslänneschen Team beherrscht ginn.
D'Robotersystemer Da Vinci a Mako si wéi gesot a villen anere Spideeler op der Welt schonn am Asaz, et ass awer dat modernst Equipement, dat et fir de Moment um Marché gëtt.