Et feelen ëmmer manner Leit op der Aarbecht duerch Krankheet. Dat huet den Aarbechtsministère um Dënschdeg bekannt ginn.

Sou ass den Taux d'lescht Joer am Verglach zu 2016 vun 3,73 op 3,64 Prozent erof gaangen. Dat geet aus de Berechnunge vun der Inspection générale de la sécurité sociale ervir.

Een op zwee Salariéeën war d'lescht Joer net krank. Et waren dat 47%. Déijéineg déi et erwëscht hat, waren an der Moyenne 2,6 mol krank a sinn 8,1 Dag pro Krankheetsfall doheem bliwwen.

Wann een d'Entwécklung iwwert déi lescht 10 Joer kuckt, ass den Taux d'Absentéisme zanter 2006 konstant an d'Luucht gaangen. Ee virleefegen Héichpunkt gouf et 2013 mat 3,73%. Och den Taux vun deene Leit, déi méi laang wéi 3 Wochen doheem bliwwe sinn, ass zeréck gaangen.

Frae feelen iwwerdeems méi dacks wéi Männer, mat 4 géintiwwer 3,3%. Dat huet ënnert anerem domat ze dinn, dass et meeschtens Frae sinn déi doheem bleiwen, wann zum Beispill d'Kanner krank sinn.

Donieft waren eeler Mataarbechter zejoert mat 4,75% och méi dacks krankgemellt wéi déi méi jonk. Och bei de Frontalieren ass den Taux mat 4% méi héich wéi bei de Residenten, déi op 3,3 Prozent koumen.

Wat déi eenzel Secteure betreffen, wou déi heegsten Tauxen registréiert goufen, leien de Gesondheetssecteur virop mat 4,7%, hannendru kommen d'Hotellerie an d'Restauratioun an op déi 3. Plaz den Transportsecteur. Am mannste krank gemellt sinn d'Leit am Finanzsecteur oder nach am Informatik- a Kommunikatiounsberäich.