E Mëttwoch ass den internationalen Dag vun de séilege Krankheeten.

Déi ganz Woch organiséiert d’Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale Konferenze ronderëm d‘Thema Depressiounen. Haut waren Atelieren am Centre Hospitalier Neuropsychiatrique zu Ettelbréck wou Betraffener an de Grand-Public d‘ Méiglechkeeten haten alternativ Therapie-Formen ze testen.

Ze akzeptéieren datt een un Depressioune leit a sech Hëllef siche goen, dat wier fir déi Betraffen dacks dat schwieregst.

D’ Toleranz an Akzeptanz an der Gesellschaft géifen et schwiereg maachen iwwert d’Depressiounen ze schwätzen, géife mer haut an enger Gesellschaft liewe wou ee staark misst sinn.

Depressioune bleift een Thema, iwwert dat wéineg driwwer geschwat gëtt, wat mat ville Stereotyppe beluecht ass. Et trotzdeem eng vun den heefegste Krankheeten iwwerhaapt bleift. Et géif een dovun ausgoen, dass ee vu 5 eemol a sengem Liewe mat Depressioune geplot wier.