Den Nikloskierfecht um Lampertsbierg ass ee vun 13 Gemenge-Kierfechter vun der Stad.

Deen zu Märel ass flächeméisseg wuel dee Gréissten. Wann et awer ëm Traditioun a Geschicht geet, ass den Nikloskierfecht nieft dem Glacis am interessantesten.

"Cimetière Notre-Dame" ass déi offiziell Bezeechnung. Säin Numm huet e vun der fréierer Nikloskierch, déi um Krautmaart an der Uewerstad stoung geierft.

Wéi dës Kierch Enn 18 Joerhonnert ofgerappt gouf, ass hire Kierfecht baussent d’Festungsmauere vun der Stad verluecht ginn. 1804 ass aus dem Nikloskierfecht e kommunale Kierfecht ginn, deen op war fir all Gesënnungen. Am Gebai an der Haaptentrée war riets de Büro vum kathoulesche Geeschtlechen, an der Mëtt dee vum protestantesche Paschtouer a lénks war d’Morgue. Um éischte Stack huet den Doudegriewer gewunnt. An awer haten Katholiken a Protestanten bis 1916 ofgetrennten Beräicher.  Mëtt 18. Joerhonnert gëtt den Nikloskierfecht substantiell vergréissert. Bis dohinner waren d’Griewer Richtung Faiencerie-Strooss orientéiert, dat ännert vun deem Ament un. E puer Joer drop ginn d’Héicht vun den Griewer, d’Längt vun den Inskriptiounen an d’Materialien reglementéiert. Och d’Konzessioun gëtt agefouert a besonnescht bedeitend Perséinlechkeete kréien e Graf an der éischter Rei.

Um Nikloskierfecht fënnt ee vill grouss monumental Griewer. Griewer, déi nach original sinn, awer och därer, déi sech iwwert d’Zäit a vun Generatioun zu Generatioun verännert hunn.

Eng ganz Rëtsch Griewer um Niklos-Kierfecht si klasséiert. Wann ee Graf e besonneschen historesche Wäert huet an d’Famill sech net méi drëm këmmert, sprengt d’Gemeng an. Eng 15 Griewer ginn op déi Manéier all Joer vun der Stad Lëtzebuerg restauréiert.