De Parquet träntelt net - Ee vun de Messagen op der Neijoerschreceptioun
De fréieren an aktuelle Justizminister gouf e Mëttwoch gelueft, dat op der Neijoerschreceptioun vum Parquet an der Cité judiciaire.
Op der Neijoerschreceptioun vun der Justiz an der Cité judiciaire huet sech de President vun der Cour supérieure de Justice frou doriwwer gewisen, dass d'Justiz weider e „full-time“-Minister huet, deen an engems Vizepremier ass: Dat géif beweisen, dass fir d'Regierung de Stellewäert vun der Justiz héich ass.
De Jean-Claude Wiwinius huet a senger Ried ënner anerem drop higewisen, dass sech d'Cour de Cassation neierdéngs aus 5 Conseilleren zesummesetzt. Dat hätt awer en, Zitat, „gréissere Problem um Verfassungsgeriicht“ no sech gezunn.
Fir Suppléante fir d'Cour constitutionnelle ze kréien, muss d'Verfassung geännert ginn, huet de President vun der Cour supérieure de Justice betount. D'Revisioun vun der Constitutioun wär zwar ënnerwee, ma fréistens 2020 Realitéit; d'Léisung vun deem Problem wär och ofhängeg vun der Politik.
D'Procureure générale d'Etat huet hirersäits ënnerstrach, dass zejoert 32 nei Posten an der Justiz geschafe goufen; do virdru wär allerdéngs och 9 Joer bal näischt op deem Gebitt geschitt, sot d'Martine Solovieff.
Et wär een awer och an der eemoleger Situatioun, dass nei Posten net besat goufen. Donieft géifen 20% méi Personal och akut Plazproblemer mat sech bréngen: Hei wäre Reamenagementer néideg, wéi z.B. um Tribunal de commerce. Virum Hannergrond vun der limitéierter Zuel u Sëtzungssäll misst ee vläicht och driwwer nodenken, d'Sëtzungszäiten z'adaptéieren, d.h. eventuell och emol Sëtzungen an der Mëttesstonn virzegesinn, sou d'Procureure générale d'Etat. Fir déi et och zu enger Revalorisatioun vun der Police judiciaire misst kommen: Do misst massiv rekrutéiert ginn!
De fréieren an aktuelle Justizminister gouf op der Neijoerschreceptioun vum Parquet an der Cité judiciaire gelueft
Déi lescht Jore wier de Stellewäert an d'Onofhängegkeet vun der Justiz valoriséiert ginn, et gouf awer och op Problemer higewisen. An d'Procureur géneral huet virun allem ënnerstrach, dass vum Parquet aus alles gemaach gëtt, fir d'Geriichtsaffären virunzedreiwen, et géif alles anescht wéi geträntelt ginn.
Um a ronderëm den Helleggeescht Plateau schwieft se, eng Rumeur oder Urban Legend oder ganz einfach d'Meenung, dass de Parquet sech alt emol Zäit léisst a verschidden Dossieren iwwer d'Summervakanz, do wou d'Justiz Paus huet, trëlle léisst. Komplett falsch, seet d'Procureur Général an erkläert, dass iwwer déi Wochen ëmmerhin 19.000 Decisioune geholl gi wieren. D'Wuert träntelen – komplett deplacéiert.
Dass de Parquet net géif viru maachen, ass e Reproche, deen och bei Affäre wéi Lausduer oder der Course Poursuite zu Bouneweg, bal e Joer ass dat hier - net acceptéiert ginn.
Si géif verstoen, dass d'Leit dobaussen ongedëlleg géinge ginn, mee et wiere schwéierwiereg Enquêten, déi ze féiere wieren. Et wier net esou, dass de Parquet déi Dossiere géing um Büro leie loossen, seet d'Martine Solovieff. Si ass fir eng Revaloriséierung vun der Police judiciaire. Et misst massiv rekrutéiert ginn, zum Beispill Enquêteuren am Blanchiment.
Dossieren an der Instruktioun, eng sëllechen Expertisen, esou eppes bräicht emol seng Zäit, erkläert si weider.
D'Juges d'Instructions géifen hier Aarbecht maachen. Wann d'Dossiere bis ofgeschloss wieren, géinge se zréck bei de Parquet, dee se studéiert an dann decidéiert, ob en an de Renvoi geet oder net.
Matt 20% méi Personal hätt een hei matzen an der Stad och en akute Manktem u Plaz a bis elo nach keng kuerzfristeg Léisung. Hir Iddi wier gewiescht, am Gebai vun der Stater Post Plaz ze kréien, fir zum Beispill den Tribunal de Commerce oder an der Nationalbibliothéik. D'Gebai vun den Archive wier eréischt 2025 prett.
Am Fong bräicht een dann och nach méi Sëtzungssäll a vläicht géifen och Sëtzungen iwwert d'Mëttesstonn hëllefe beim Planning.