E Mëttwoch de Moie war de Minister vun déi Gréng eisen Invité vun der Redaktioun.

Ech gesinn dee Ressort net als Plo, mä als nobel Charge un. Dat seet den neie Minister fir Verdeedegung a bannenzeg Sécherheet François Bausch. Hie war um Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun.

Um Mëttwoch reest de François Bausch, dee sech virun 30 Joer nach fir en aktive Widderstand géint d'Nato agesat huet, op eng Nato-Reunioun op Bréissel. D'Zäiten änneren a Meenungen och. Trotz Positiounen aus den 80er Jore wier hien nach ni iwwerzeegt gewiescht, datt et keng Verdeedegungspolitik bräicht an hie wär och kee Krichsminister.

D'Radaren hätte sech bewäert, esou de François Bausch, deen och Mobilitéitsminister ass. Dës Radare wieren en Deel vun engem ganze Mesurëpackage. D'lescht Joer wier et e Réckschlag ginn, mä global gesi géingen d'Zuelen an déi richteg Richtung weisen. Hie géif sech net ginn, bis ee Chiffere-méisseg gesinn um hollänneschen oder um Schwäizer Niveau wier.

Den éischte Streckeradar kënnt jo am Hierscht, op der Iechternacher Streck, duerno kommen anerer no, eventuell an Tunnellen, esou de Minister François Bausch.

Bei den Infrastrukture wier et wichteg, datt séier kéint geschafft ginn an do missten och d'Leit hëllefen.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: François Bausch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.