Sproochen

Lëtzebuergesch bleift déi Sprooch, déi am beschte vun der Populatioun maîtriséiert gëtt. Duerno kënnt portugisesch.
An der nërdlecher Halschent vum Land spillt d'Lëtzebuerger Sprooch méi eng grouss Roll ewéi am Süden. Ënner anerem dat geet aus dem demographeschen Atlas ervir, deen de Statec rezent publizéiert huet.
De Pit Everling huet sech mam Volet „Sproochen“ befaasst.
55,8 % vun de Leit consideréieren d'Lëtzebuerger Sprooch als déi, déi se am beschte maîtriséieren.
Duerno komme portugisesch mat 15,7%, franséisch mat gutt 12% an däitsch mat gutt 3%.
Lëtzebuergesch ass d'Sprooch déi ech am Beschte kann, dat soen am mannste Leit an der Stad Lëtzebuerg, nämlech 35,2 %, ähnlech gesäit et an der Fiels an zu Stroossen aus.
Genee déi aner Säit am Tableau fanne mer d'Gemeng Wal: do läit dee Prozentsaz bei gutt 82%, duerno komme Géisdref, Préizerdaul a Buerschent.
Et constatéiert een, datt d'Lëtzebuerger Sprooch an der Stad Lëtzebuerg an an der Peripherie just nach op wéinege Plazen d'Sprooch Nummer 1 ass.
Fir 43,4% vun de Bierger aus der Gemeng Fiels ass déi éischt Sprooch portugisesch, duerno kommen d'Gemengen Déifferdeng, Esch a Bettenduerf.
Franséisch spillt eng grouss Roll an der Gemeng Lëtzebuerg, awer och an enger Rei Gemenge laanscht déi belsch Grenz.
A Prozenter ausgedréckt hunn déi meescht Leit an der Gemeng Rammerech d'franséischt als Haaptsprooch genannt, et ware 24,2%. Ähnlech ass d'Situatioun zu Ell.
Déi däitsch Sprooch spillt zum Beispill zu Mäertert hir gréisst Roll. Gutt 9% vun de Leit soen do, datt däitsch hir Haaptsprooch wier.
Italienesch gëtt a Prozenter ausgedréckt an der Gemeng Bartreng am dacksten als déi éischt Sprooch ugesinn, fir 5,8% vun de Leit do.
An der Gemeng Schëtter ass d'Englescht fir 8% vun de Leit d'Haaptsprooch.
8,4 % vun de Residente gesinn iwwerdeems nach eng aner Sprooch als déi fir si éischt Sprooch un.
Bei den Donnéeë baséiert de Statec sech op e Bevëlkerungsrecensement vun 2011. Et gouf d'Fro gestallt, a wéi enger Sprooch een am beschten denkt a weess. An der Äntwert hat ee 7 Sproochen zur Auswiel.
Serie Statec - Déi aner Reportagen
Serie Statec Deel 1: Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, dat am meeschte wiisst
Serie Statec Deel 2: Zu Lëtzebuerg gëtt et méi Männer wéi Fraen
Serie Statec Deel 3: Bal d'Hallschent vun den Awunner hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit
Serie Statec Deel 4: Wéi eng Communautéite sinn zu Lëtzebuerg am stäerkste vertrueden?
Serie Statec Deel 5: Den Alter
Serie Statec - Deel 6: Gebuerten, Mariagen a Stierffäll