Solde naturel a Solde migratoire

Et komme méi Leit op Lëtzebuerg wéi der fort ginn, beim Solde migratoire gouf et an de leschte Joren an der Moyenne e Plus vu ronn 10.000 Leit.
D'Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst zolidd. De Grond dofir ass d'Immigratioun. Et komme méi Leit op Lëtzebuerg wéi der fort ginn, beim internationale Solde migratoire gouf et an de leschte Joren an der Moyenne en Excedent vu ronn 10'000 Leit. Ënner anerem dat geet aus dem demografeschen Atlas vum Statec ervir.
Schwätze mer virop vum Solde naturel: dat ass d'Differenz tëscht de Gebuerten an de Stierffäll an déi ass zu Lëtzebuerg net ganz grouss. Tëscht 2013 an 2017 louch déi bei an der Moyenne bei 2130. Den nationalen Taux louch domadder just bei + 3,7%. An 11 Gemenge war dee Solde negativ, dat heescht do si méi Leit gestuerwen ewéi op d'Welt komm, zum Beispill Iechternach, Réimech a Nidderaanwen, esou de Statec.
Da gëtt et de Solde migratoire interne: Do gëtt gekuckt wéi d'Fluxen tëscht de Gemenge sinn.
An der Stad Lëtzebuerg leie mer do fir d'Joren 2013 bis 2017 bei 2359 Leit déi fortgaange si fir sech an enger aner Lëtzebuerger Gemeng néier ze loossen. Den Taux läit also am negative Beräich, fir genee ze si bei -20,8%.
Genee ëmgedréit ass et zu Bauschelt, do si méi Leit aus anere Gemenge bäikomm wéi der fortgaange sinn. Den Taux läit bei +32,4%.
Zu Lëtzebuerg spillt virun allem den internationale Solde migratoire eng grouss Roll, do gëtt et pro Joer en Excedent vu gutt 10'500 Leit. Tëscht 2013 an 2017 koumen all Joer an der Moyenne knapp 23'000 Leit nei op Lëtzebuerg, bei gutt 12'000 Departen. An der Gemeng Lëtzebuerg louch dësen Taux bei +45,7%. Déi aner Säit vun der Leeder fanne mer d'Gemeng Pëtschent, mam eenzegen negativen Taux, dee bei - 3,5% louch. Fir d'ganzt Land leie mer bei +18,5%.
Da geheie mer e Bléck op de ganze Solde migratoire, do ass et also virun allem den internationale Solde migratoire deen en Impakt huet, well den interne quasi Null ass. Déi national Moyenne läit hei bei + 18,5%. Tëscht de Gemenge gëtt et grouss Ënnerscheeder. Zu Bäerdref leie mer zum Beispill bei -14,5%, zu Wäisswampech dogéint bei +46,1%.
Serie Statec Deel 1: Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, dat am meeschte wiisst
Serie Statec Deel 2: Zu Lëtzebuerg gëtt et méi Männer wéi Fraen
Serie Statec Deel 3: Bal d'Hallschent vun den Awunner hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit
Serie Statec Deel 4: Wéi eng Communautéite sinn zu Lëtzebuerg am stäerkste vertrueden?
Serie Statec Deel 5: Den Alter