Och d'Schoule bleiwen de 4. Mee zou. Deen Dag sinn also keng Examen, Concoursen oder Porte-ouverten.

No der Annonce vum Doud vum Grand-Duc Jean um Dënschdeg de Moien um 6 Auer huet de Staatsminister Xavier Bettel um 9 Auer eng Deklaratioun gemaach.

Mat grousser Trauer misst hien den Doud vum Grand-Duc Jean am Numm vun der Regierung bekannt ginn, esou de Lëtzebuerger Premier. De laangjärege Staatschef wär an der Nuecht op en Dënschdeg um 0.25 Auer gestuerwen.

De Xavier Bettel huet dem Papp vum Grand-Duc Henri Merci gesot fir säin Asaz fir d’Stabilitéit vum Land nom Krich, fir seng Mënschlechkeet, seng Solidaritéit an déi vill Spuren, déi hien hannerléisst. E "Symbol" wier vun eis gaangen, e "Virbild". De Xavier Bettel huet vu Gewëssenhaftegkeet, vu Loyautéit, vu Léift a Verbonnenheet geschwat.

Der Famill vum Grand-Duc Jean huet hien dat déifste Matgefill ausgedréckt.

VIDEO: Nom Doud vum Grand-Duc Jean: Deklaratioun vum Staatsminister
No der Annonce vum Doud vum Grand-Duc Jean um Dënschdeg de Moien um 6 Auer huet de Staatsminister Xavier Bettel um 9 Auer eng Deklaratioun gemaach.

Wéi geet et elo weider?

En Dënschdeg de Moien um 10 Auer koum de Regierungsrot zesummen, fir iwwer déi nächst Deeg ze beroden. Do gouf eng Gedenkminutt ofgehalen an och eng Staatstrauer bis de 4. Mee um 18 Auer proklaméiert. Esou laang bleiwen d'Fändelen op Hallefmast.

Hei d'Matdeelung nom Regierungsrot:

À la suite du décès de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean, le Conseil de gouvernement s'est réuni le mardi 23 avril 2019 pour une séance extraordinaire sous la présidence du Premier ministre Xavier Bettel.

Le gouvernement a observé une minute de silence à la mémoire du Défunt.
Le gouvernement a proclamé le deuil national à observer jusqu'à samedi, le 4 mai à 18 heures.
Durant le deuil national, les drapeaux seront mis en berne sur les bâtiments et lieux publics.
Une déclaration du gouvernement sera insérée au Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg.

Um 12 Auer huet de Grand-Duc Henri de Premier um Schlass zu Colmer-Bierg empfaangen.

D’Begriefnis vum Grand-Duc Jean ass e Samschdeg, de 4. Mee an der Kathedral an der Stad. Dat hat de Staatsminister a senger Deklaratioun gesot.

U sech sollt jo och dës Woch eng wichteg an der Chamber sinn, mä wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean ass d'Chambersëtzung vum Dënschdeg ofgesot. Dat gouf an der Conférence des présidents decidéiert. De Budgetsrapport vum André Bauler ass op e Mëttwoch de Moie reportéiert, duerno dann d'Explikatioune vum Finanzminister Pierre Gramegna. De Vott vum Budget ass en Donneschdeg.

Zum Gedenken un de Grand-Duc Jean ass e Freideg, 3. Mee eng offiziell Zeremonie an der Chamber, wou d'Deputéiert de fréiere Staatschef éieren. Den Dag drop ass dann d'Begriefnes mat der kierchlecher Zeremonie an der Kathedral.

Vu wéini u sech d'Leit kënnen an ee Kondolenzbuch am groussherzogleche Palais androen an dem Groussherzog déi lescht Éier erweisen, ass iwwerdeems nach net gewosst.

En Dënschdeg schonn hunn sech awer de belsche Kinnek Philippe a seng Fra, d'Kinnigin Mathilde op Lëtzebuerger deplacéiert, fir dem Grand-Duc Jean eng leschte Kéier Äddi ze soen an der Famill d'Bäileet auszedrécken. Och de Kinnek Albert an déi belsch Prinzessin Astrid sinn zu Lëtzebuerg erwaart ginn. Dat huet déi belsch Zeitung "Le Soir" geschriwwen. Dat belscht Kinnekshaus an d'groussherzoglech Famill si ganz enk matenee verbonnen.

Schoule samschdes zou

Den Educatiounsministère huet annoncéiert, dass samschdes de 4. Mee schoulfräi wäert sinn. Op deem Dag ass jo d'Begriefnis vum Grand-Duc Jean. D'Coursen an de Museksschoule ginn deemno ofgesot. Genee ewéi d'Course fir d'Lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien. D'Concoursen an d'Examen am Kader vum musikaleschen Enseignement, déi de 4. Mee hätte solle stattfannen, gi verluecht. Grad ewéi d'Formatioun vum IFEN fir d'Léierpersonal an d'Soutenance vum Memoire vun den Stagiaire fir de Fondamental. Och d'Porte-Ouverten op deem Dag an de Schoulen si verréckelt. De Schoulministère invitéiert d'Léierpersonal d'Liewen an d'Perséinlechkeet vum Grand-Duc Jean ze thematiséieren.

Hei de Communiqué vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Dans le cadre du deuil national prononcé suite à la disparition du Grand-Duc Jean, ce lundi 23 avril 2019, le ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, a invité tous les enseignants à thématiser avec leurs élèves la vie du personnage exceptionnel que fut ce grand homme d'État, ainsi que l'importance et la signification de son règne, pour notre pays, notre liberté et notre indépendance.

Le ministre a en outre annoncé plusieurs mesures :

• Les drapeaux des écoles seront en berne jusqu'au samedi 4 mai 2019 inclus.
• Toutes les écoles chômeront la journée du 4 mai, journée des funérailles de Son Altesse Royale, y compris l'enseignement musical et les cours pour l'acquisition de la nationalité luxembourgeoise.
• Les concours et examens de l'enseignement musical fixés au 4 mai seront reportés.
• Les formations de l'Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) et les soutenances de mémoire des enseignants stagiaires de l'enseignement fondamental prévues ce jour seront également reportées.
• Les portes ouvertes organisées le 4 mai dans les lycées seront-elles aussi reportées.

Lauden an der Kierch, Gedenkminutt um Terrain

D'kathoulesch Kierch hat matgedeelt, datt en Dënschdeg de Mëtteg um 12.15 Auer d'Klacken eng Véierelstonn laang laude géifen zu Éiere vum Grand-Duc Jean. Et ginn och Masse gehalen an der besonnescher Intentioun fir de Grand-Duc Jean, e Samschdeg, 27. Abrëll um 17 Auer an der Kathedral vum Äerzbëschof an um Wäissen Ouschtersonndeg op anere Plazen.

D'Futtball-Federatioun deelt mat, datt virun de Matcher, déi en Dënschdeg, 23. an e Mëttwoch, 24. Abrëll sinn, eng Gedenkminutt fir de Grand-Duc Jean ass. D'FLF schreift:

Décès de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean: Observation d'une minute de silence

Nous tenons à vous informer que suite au décès de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean, la FLF a décidé d'observer une minute de silence dans tous les stades de football où des matchs auront lieu aujourd'hui (23 avril) et demain (24 avril 2019).

D'Äishockey-Nationalekipp vu Lëtzebuerg, déi en Dënschdeg op der WM an der Divisioun 3 a Bulgarien géint Taiwan gespillt huet, huet dat mat Trauerflor gemaach.

RTL huet säi Programm adaptéiert

Bedéngt duerch d'traureg Nouvelle vum Doud vum Grand-Duc Jean hat RTL Radio Lëtzebuerg direkt säi Programm adaptéiert, souwuel musikalesch wéi och wat d'Contenuen ugeet.

Och op RTL Télé Lëtzebuerg gouf de Programm adaptéiert. Mat Filmer iwwer d'Liewe vum Grand-Duc a Spezial-Emissioune mëttes um 12 an owes um 19 Auer - mat Reaktiounen an engem Réckbléck op dem Grand-Duc Jean säi Liewen.

Op RTL.lu waren d'Programmer vum Radio a vun der Tëlee live ze suivéieren an datt de Site faarflech an thematesch adaptéiert gouf, war net ze iwwersinn ...

© Serge Pauly

D'Deklaration vum Xavier Bettel

"Ech hunn déi traureg Flicht fir Iech matzedeelen, dass de Grand-Duc Jean eis haut an der Nuecht um 00:25 Auer am Alter vun 98 fir ëmmer verlooss huet. Et a schwéiere Moment fir eis all, fir eist Land, fir d'Lëtzebuerger an all d'Bierger vum Grand-Duché. Et ass awer virun allem eng schwéier Zäit an e ganz traurege Moment fir d'groussherzoglech Famill, fir de Grand-Duc Henri an d'Grand-Duchesse, fir d'Kanner, Enkel- an Urenkelkanner vum Grand-Duc Jean a fir déi vill Mënschen, déi him no waren. Dofir wëll ech am Numm vun der Regierung an am Numm vum Land der Famill mäin déifste Matgefill matdeelen an hinne Courage wënschen an dëser schwéierer Zäit.

De Grand-Duc Jean war, ass a bleift e Symbol vun onsem Land, vun onser gemeinsamer Geschicht. Hie steet fir Gewëssenhaftegkeet, fir Loyautéit vis-à-vis vum Land, hie steet fir eng Léift an enk Verbonnenheet mam Vollek. De Grand-Duc Jean war e Virbild fir eis all an huet duerch säin Engagement Spueren hannerlooss, déi fir ëmmer bleiwen.

Hien ass de 5. Januar 1921 am Schlass Colmer-Bierg op d'Welt komm a gouf um Dag vu sengem 18. Gebuertsdag offiziell zum Ierfgroussherzog. Hien huet sech als jonke Prënz fir eis Wäerter an Iwwerzeegungen am zweete Weltkrich agesat a war beim Debarquement an der Normandie am Juni 1944 als Irish Guard dobäi. Dräi Méint méi spéit konnt hien d'Haaptstad mat befreien an huet matgehollef d'Land nom Krich nees opzebauen a Stabilitéit hierzestellen.

De Grand-Duc Jean huet matgekämpft fir eis Fräiheet, eis Onofhängegkeet a fir d'Unitéit vun eisem Land a mir wäerten ëmmer dankbar sinn an eisen héije Respekt hunn fir dësen Engagement.

Hien stoung vun 1964 bis d'Joer 2000 un der Spëtzt vu Lëtzebuerg. An deene bal 36 Joer als Staatschef huet de Grand-Duc Jean grouss Etappen an der Geschicht vun eisem Land begleet an eis duerch gutt an duerch manner gutt Zäite geféiert. Seng Verbonnenheet mat der Natur a seng Roll als Chefscout si bekannt, säi Respekt vis-à-vis vu Mënsch an Déier, seng Léift a säin Asaz fir déi schwaach an der Gesellschaft bleiwen onvergiess.

Ech hunn de Moie fir 10:00 Auer e Regierungsrot convoquéiert fir de Verlaf vun den nächsten Deeg ze beschwätzen an ech hu Rendez-vous mam Grand-Duc um 12:00 Auer zu Colmer-Bierg am Schlass. D'Staatsbegriefnes ass Samschdes de 4. Mee um 11.00 Auer an der Kathedral.

Et ass e Familljemënsch, deen eis haut verlooss huet. E grousse Staatsmann, en Held, e Virbild - an en immens léiwen a gutthäerzege Mënsch."

D'Matdeelung vun der Kierch vum Dënschdeg de Moien

Aus Ulass vum Doud vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean D'Klacken am ganze Land ginn de Mëtteg wärend 15 Minutte gelaut

Als Zeeche vun der Trauer, vum Respekt a vun der Verbonnenheet mat der groussherzoglecher Famill sollen op dësem Ouschterdënschdeg, den 23. Abrëll 2019, um 12.15 Auer an de Kierchen d'Klacke wärend 15 Minutte gelaut ginn.

Den Här Äerzbëschof wäert um Virowend vum Wäissen Ouschtersonndeg, e Samschdeg, de 27. Abrëll, um 17.00 Auer d'Mass an der Kathedral an der besonnescher Intentioun fir S.A.R. de Grand-Duc Jean feieren.

Den Här Äerzbëschof bied och all Geeschtlech, um Wäissen Ouschtersonndeg eng Mass an der besonnescher Intentioun fir S.A.R. de Grand-Duc Jean ze feieren.

Här, gëff deem Verstuerwenen déi éiweg Rou.

Maria, Mutter Gottes, Tréischterin am Leed, bied fir hien!

Matgedeelt vum Äerzbëschoflechen Ordinariat