Virun zwou Wochen ass de Grand-Duc Jean gestuerwen. An de leschten Deeg haten d'Famill an d'Bierger d'Méiglechkeet, him Äddi ze soen.

Et ass elo schonn knapps 2 Wochen hier, dass de Grand-Duc Jean ons verlooss huet. E schwéiere Moment fir Famill a Frënn awer och fir vill Bierger am Land. Iwwerraschend koum d'Decisioun, e puer Deeg nom Doud, dass d'Leit dem fréiere Grand-Duc Jean nach eng leschten Éier kënnen erweisen. Dat viru sengem Kierper, deen opgeboert an der Chappelle Ardente ze gesi war. Vill Leit hunn dem fréiere Monarch dann och op dësem schonns ganz perséinleche Wee Äddi gesot.

Den Doud ass en Deel vum Liewen a soll och sou gesi ginn, mat Respekt an ouni Tabuen.

D’Alice Ewen ass Chargé de Direction am Haus Omega. Der Palliativstatioun zu Hamm fir Mënschen, déi am leschte Stadium vun hirem Liewe sinn. Si ass am Alldag mam Doud vu Mënschen a mat der Trauer vun den Hannerbliwwene konfrontéiert.

Der Definitioun no ass d’oppe Boer näischt aneschtes, wéi d’Ausstelle vun engem Verstuerwenen entweder an engem zouene Sarg oder an enger oppener Doudelued, wou de Kierper vum Verstuerwene wärend enger bestëmmter Zäit ka gesinn a beréiert ginn.

De Culte oder d'Zeremonie vun der oppener Boer ass en intime Moment, deen een notze kann, fir der verstuerwener  Persoun e perséinleche Message mat op de Wee ze ginn. E Moment, fir Fridden ze schléisse mat sech oder deem aneren.

Wat dem Alice Ewen no ganz wichteg ass, ass, dass d'Leit de Verstuerwene wierklech gesinn an déi 3 Deeg ëmmer erëm kënne gesinn. Dat leschte Bild ass dacks dat, dat ee vun engem Verstuerwene behält.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg

Zum Doud vun enger Persoun gehéieren och aner Tabu-Themen, wéi zum Beispill Kierper-Fleeg nom Doud. Déi gëtt haut meeschtens vum Bestatter gemaach. Dat ass och de Beruff vum Jean-Paul Zeimet. Den Doud ass och a sengem Alldag present. D'Kompetenze vum Bestatter leien net nëmme beim Transport vum Verstuerwenen. Si ënnerstëtzen och d'Famillje bei der administrativer Aarbecht a beim organiséiere vum Begriefnes. Si versuergen och de Verstuerwenen a preparéieren den doudege Kierper fir de leschte Wee.

Och de Jean-Paul Zeimet ass en Unhänger vun der oppener Boer. Vill Leit hätten am Virfeld Angscht, mee wa se da bis bei de Verstuerwene komm sinn, da wär d'Angscht séier verflunn an da wäre se frou, dass se konnten Äddi soe goen.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg

Dem Jean-Paul Zeimet seng Aarbecht ass gelongen, wann d'Famillje vun de Verstuerwenen e schéint a positiivt lescht Bild vun der verstuerwener Persoun behalen.

Fréier, nach bis an d'fofzeger Jore vum leschte Joerhonnert, war déi oppe Boer am Haus vum Verstuerwenen eng ganz normal Saach. Och d'Kierper-Fleeg nom Doud gouf deemools vun der Famill gemaach.

Vun de 60er Joren un huet de Culte ronderëm déi Verstuerwe sech an d'Morgue verluecht an de Gemengen oder Altersheemer. Dacks ass zënterhier de leschte Bléck op déi verstuerwe Persoun an der Klinik en éischter trauregt Bild. Den intime Charakter vum Doudes-Culte ass lues a lues verluer gaangen.

Am Prinzip ass et sou, dass een eng Läich no 3 Deeg sollt insineréiert oder begruewe sinn. En Delai, deen haut awer op Ufro ka verlängert ginn.

A fréieren Zäite gouf den Delai vun 3 Deeg festgeluecht wéinst sanitäre Grënn. Haut ass et awer méiglech, e Kierper méi laang ze konservéieren.

Sou wéi ee Liewe léiert, muss een och den Doud léieren. Sech mam Thema ausenanersetzen, oppen doriwwer schwätzen. Haut bleift fir Trauer wéineg Plaz. Déi bleift awer fir Erënnerungen, well e Mënsch ass eréischt wierklech Doud, wa kee méi un een denkt.

Preparatioune fir d'Begriefnes