Bannent knapp zwou Wochen gouf d’Begriefnis vum Grand-Duc Jean bis an de leschten Detail geplangt.

Lescht Preparatioune fir d'Begriefnes

Vun der Koordinatioun mat de CGDIS, der Police, de Scouten an der Arméi bis hin zum Oflaf vun der Mass an der Kathedral. E groussen Opwand mat ville Reuniounen fir d’Mataarbechter vum Haff.

Staatsbegriefnes vum Grand-Duc Jean gouf minutiéis geplangt
Bannent knapp zwou Wochen gouf d’Begriefnis vum Grand-Duc Jean bis an de leschten Detail geplangt.

Sécherheet: Groussasaz fir d'Staatsbegriefnes

Ganz ganz vill“ Poliziste sinn e Samschdeg fir d’Staatsbegriefnes am Asaz. De Minister fir Bannesécherheet François Bausch konnt dësen Donneschden um Bord vun der zoustänneger Chamberkommissioun keng präzis Zuel nennen, mä hie sot: „ech weess net, ob et de ganze Corps* ass, mä et sinn der ganz vill am Asaz“.

AUDIO: Extrait François Bausch

Et wier schonn eng „ganz spezifesch Situatioun, well mer och vill auslännesch Gäscht hei hunn“, sou de Minister, dee präziséiert huet, datt och d’Arméi am Groussasaz wier.

Och d’Police schwätzt vu „ganz groussem“ Dispositif fir d'Staatsbegriefnes: D’Police „markéiert eng visibel Presenz“ heescht et op Nofro hin. Donieft wiere Beamten an Zivil an der Stad.

Present si se haaptsächlech ronderëm de Palais, um Parcours vum Cortège an an der Kathedral. Doriwwer eraus gi fix a mobil Sécherheetsperimeter opgestallt an et wier een op der Place d'Armes present, wou d'Leit dat Ganzt um groussen Ecran kënne suivéieren.

Wichteg Aufgab fir d’Police wier dann d’Gestioun vum Verkéier, woubäi och séchergestallt gëtt, datt do, wou et verbueden ass ze parken, och kee parkt.

Genee wéi de Minister wëll d'Police keng Zuel vu Beamte nennen déi am Asaz sinn.

D'Militär dogéint huet hir ongeféier Zuel genannt. eng 250 Zaldote wäerten e Samschdeg an der Stad am Asaz sinn. Ronn d'Hallschent vun hinne wäert mat den 250 Scouten tëscht dem Palais an der Kathedral fir den Éierespaléier stoen.  Déi aner Membere vun der Arméi sinn dofir zoustänneg, fir de Sarge an d'Fändelen ze droen. Eng ganz Partie Zaldote sinn um Fetchenhaff wéinst de Kanouneschëss positionéiert.

*Laut Statec huet d’Police – Cadre superieur, Inspekter, Brigadier an administratiivt an technescht Personal abegraff – ronn 2.100 Leit d’lescht Joer gezielt. 20% méi wéi virun 10 Joer.

VIDEO: Begriefnis vum Grand-Duc: Grousse Sécherheetsdispositif
„Ganz ganz vill“ Poliziste sinn e Samschdeg fir d’Staatsbegriefnes am Asaz, esou de Minister fir Bannesécherheet François Bausch.

Preparatiounen an der Kathedral

Een Dag hunn déi responsabel vum Haff, der Gemeng, der Kathedral a vun RTL nach fir sech op e Samschdeg, fir d’Staatsbegriefnes virzebereeden. Kinneklech Famillen aus 10 verschiddene Länner hu sech ugemellt. D’Begriefnes vum Grand-Duc Jean gëtt zu engem groussen Evenement mat internationaler Envergure. RTL an d’BCE, de Broadcast Center Europe, bereede sech drop vir, fir d’Staatsbegriefnes ze filmen a live an d’Welt ze schécken.  Dat bedeit eng koordinéiert Organisatioun tëscht dem Haff, der Gemeng Lëtzebuerg, der Kathedral, RTL a BCE. D’Isabelle Henschen war en Donneschdeg bei der Installatioun vu Luuchten, Toun a Kameraen an der Kathedral dobäi.

VIDEO: Begriefnis vum Grand-Duc: Preparatioune Kathedral
Een Dag hunn déi Responsabel vum Haff, der Gemeng, der Kathedral a vun RTL nach, fir sech op e Samschdeg fir d’Staatsbegriefnes virzebereeden.

Och d'Bâtiments publics si bei der Organisatioun mat involvéiert. Sou kommen zum Beispill eng Rei Still fir d'Kathedral vun hinnen. Donieft gehéieren och d'Teppecher an d'Fändelen ëffentleche Gebaier.

Preparatioune vun de Fournisseurs de la Cour

D'Preparatioune fir d'Begriefnes vum Grand-Duc Jean lafen op Héichtouren. Nëmme knapp zwou Wochen ass dem groussherzoglechen Haff bliwwen, fir alles op d'Been ze stellen. An och déi eenzel "Fournisseurs de la Cour" sinn hei voll am Asaz an hëllefen, wou se nëmme kënnen, fir dem fréiere Grand-Duc Jean eng leschte Kéier hir Éier ze erweisen.

VIDEO: Begriefnis vum Grand-Duc: Fournisseurs de la Cour
Nëmme knapp zwou Wochen ass dem groussherzoglechen Haff bliwwen, fir alles fir d'Begriefnis vum Grand-Duc op d'Been ze stellen.

Preparatiounen am Commerce

D’Stad wäert e Samschden am Ausnamezoustand sinn an esou huet sech och fir d’Stater Geschäftsleit d’Fro gestallt, ob se hir Dieren deen Dag regulär opmaachen oder net. D’Entscheedung gouf jidderengem selwer iwwerlooss a bis op Verschiddener, déi hir Diere wärend der Zäit vum Begriefnes zoumaachen, schéngen déi meescht regulär opzehunn. Ma och si weise Betraffenheet.

VIDEO: Begriefnis vum Grand-Duc: Preparatioune Commerce
D'Stad wäert e Samschden am Ausnamezoustand sinn a sou huet sech och fir d’Stater Geschäftsleit d’Fro gestallt, ob se hir Dieren opmaachen oder net.
Ausbléck op d'Begriefnes vum Grand-Duc Jean
Wéi wäert d'Staatsbegriefnes oflafen? Wat ass wichteg, ze wëssen? Wou gëtt iwwerdroen?