E leschte Mëttwoch hunn d'Deputéiert mat 31 Jo- 8 Neestëmmen an 21 Enthalunge fir dat neit CSSF-Gesetz gestëmmt.
E Gesetz, mat deem de Risiko vun enger Immobiliëblos hei am Land besser erkannt a kontrolléiert soll ginn.
D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur soll an Zukunft zesumme mat der Zentralbank, d'Evolutioun vun den Immobiliëkreditter iwwerwaachen, fir preventiv ze verhënneren, datt eng Immobiliëblos d'Lëtzebuerger Banken destabiliséiere kéint.
De President vun der Chambre Immobilière hält positiv zeréck, datt elo mol eng Analys gemaach gëtt, déi déifgräifend ass. Dat géif jiddereen intresséieren; de Client an de Professionellen.
Wat geschitt am Fall, wann e Risiko detektéiert gëtt?
Dat nei Gesetz gëtt der CSSF d'Pouvoiren, fir Konditioune festzeleeën, no deenen d'Banke Kreditter fir Immobilië verginn, déi fir residentiell Zwecker genotzt ginn an déi um Lëtzebuerger Territoire installéiert sinn, sou de Rapporteur vum Gesetz, André Bauler.
Eng maximal Grenz kann da fixéiert gi fir d'Verhältnis tëscht dem Immobiliëprêt an dem Wäert vum Appartement, respektiv Haus. Dat selwecht gëllt fir de Rapport tëscht dem Immobiliëprêt an dem Revenu disponible vun der oder de Persounen, déi de Prêt maachen.
Et soll zum Beispill och kënnen eng maximal Limitt fir Emprunt festgeluecht ginn, nämlech tëscht 20 a 35 Joer.
Am Ganze 5 Moossnamen, déi eleng oder zu puer matenee kënnen applizéiert ginn. Dat Ganzt an engem strengen Entscheedungskader an enger konkreter Risikosituatiounen, nodeems sech d'CSSF mat der Zentralbank ofgeschwat huet.
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth rechent: Mat 50.000 Euro Revenu disponible pro Joer léint een an Zukunft nach tëscht 4 an 12 Mol déi 50.000 Euro. Dat heescht, déi betraffe Persoun kritt nach e Kredit op 20 oder 30 Joer vun 200.000 bis maximal 600.000 Euro.
Den Accès riskéiert ëmmer méi schwéier ze ginn fir den ënneschten Deel vun onser Mëttelschicht, sou de Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre Immobilière. Zemools fir all déi, déi méi schwaach Revenuen hunn, wéi d'Moyenne, well sech de Präis un der Moyenne orientéiert. Dat net onbedéngt duerch den Text, ma duerch d'Decisioun vun der Bank.
Jee no Client kéinten d'Banken haut, op Basis vun der "Gestion en bon père de famille, vum perséinleche Budget", flexibel entscheeden. Eng Flexibilitéit, déi elo verluer goe kéint, sou de President vun der Chambre Immobilière.
An der Chamber gouf e Mëttwoch och d'Fro gestallt, ob den neien Text wierklech just fir am Fall vun enger Krisesituatioun ass. Et sinn elo scho Refusen op Emprunten ausgeschwat ginn, op d'mannst bei enger grousser Lëtzebuerger Bank, déi seet: opgrond vum neie Gesetz, kéinte si engem kee Prêt méi ginn, sou den ADR-Deputéierte Gast Gybérien.