
Si hätten hir Majoritéit an der Chamber domat verluer. D’ADR géif par Rapport zu de Walen zejoert 2 Sëtz gewannen an hätt mat hiren 6 Sëtz elo Fraktiounsstäerkt. Dat sinn zwou Conclusiounen, déi een aus der Sonndesfro vun TNS-Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL zéie kann. Dëse Sondage ass keng Prognose, mä e landeswäit Stëmmungsbild.
Wuel sinn an deene véier Walbezierker insgesamt 1.859 walberechtegt Leit gefrot ginn, mä d’Resultater sinn duerno landeswäit verrechent ginn. Nei ass: am Questionnaire goufen d’Leit och iwwer de Panachage gefrot, ëmmerhin huet deen zu Lëtzebuerg jo e groussen Afloss op d’Walresultater.
Wann e Sonndeg géif gewielt ginn, géif eng CSV a Prozenter zwar e bësse gewannen a léich bei 30,1 Prozent. Wéinst dem komplizéierte Walsystem mat de Reschtsëtz géif déi gréisst Oppositiounspartei awer nach emol 1 Sëtz verléieren a vun 21 op 20 Sëtz erofrutschen. Och mam neie Parteipresident Frank Engel hätt d’CSV den Negativtrend deemno net bremse kënnen.

Bei deene Gréng ginn 0,8 Prozentpunkten duer, fir an der Chamber ee Sëtz ze gewannen. Et dierft een net vergiessen, dass den Ament vill iwwert d’Klima diskutéiert gëtt, betount den Direkter vun TNS-Ilres Luc Biever. Wann d’Regierung iwwer Klima schwätzt, kréichen awer virun allem déi Gréng dat zougeschriwwen. Duerch dee staarke Sujet hätten Affären, ewéi déi ronderëm de fréiere Buergermeeschter vun Déifferdeng Roberto Traversini, guer keen esou ee staarken Effekt, ewéi een dat géint mengen, gëtt de Luc Biever ze bedenken. Déi Gréng wären deemno weiderhin am Opwand, wann dëse Sonndeg Wale wären.

Schlecht gesäit et dogéint fir d’Sozialisten aus. Si géifen ee Sëtz verléieren, grad ewéi d’DP. D’LSAP hätt domat just nach 9 Sëtz, d’Demokraten der 11.

Mat der neier Sonndesfro wär just nach eng eenzeg Zweeër-Koalitioun méiglech. An zwar Schwaarz-Blo. Dës CSV-DP-Regierung kéim op grad esou eng dënn Majoritéit ewéi déi aktuell Blo-Rout-Gréng Regierung, nämlech op 31 Sëtz.
Fir déi Lénk an d’Pirate géif an dësem Stëmmungsbild näischt changéiere par Rapport zum Walresultat 2018: alle béid géife se hir zwee Sëtz behalen.