Soll ee scho mat 16 Joer dierfe wiele goen? A sollen déi X Prozent Auslänner, déi am Grand-Duché liewen, och dierfen hir Stëmm bei de Chamberwalen ofginn?

Dëse Froen ass d’Asti e Mëttwoch zesumme mat der Jugendkonferenz nogaangen. Ausserdeem gouf zeréckgekuckt, wéi dat Lëtzebuerger Walrecht sech iwwert d’Jore verännert huet.

Walrecht/Reportage Nadine Kremer

Dat allgemengt Walrecht gëtt et zu Lëtzebuerg zanter 1919. Ma schonn deemools gouf et Aschränkungen, seet de Michel Pauly, Historiker vun der Uni Lëtzebuerg: "Zum Beispill Leit, déi am Prisong souzen, Leit, déi vum Aarmebüro ofgehaangen hunn, hate kee Walrecht. An déi kruten dat eréischt 1948. D'Jugend, déi war jo deemools ausgeschloss, well de Walalter op 21 Joer war. Dat gëtt geännert 1972."

Zanterhier koum schonn e puer mol d'Iddi op, de Walalter nach weider erofzesetzen. Fir d'lescht beim Referendum 2015. D’Baisse vun 18 op 16 Joer als Mindestalter gouf deemools allerdéngs majoritär refuséiert. D'Haaptargument dogéint ass, dass déi jonk net genuch politesch forméiert sinn.

D'Iddi vum Auslännerwalrecht ass schonn 1981 eng éischte Kéier opkomm, erkläert de Michel Pauly weider. Deemools hunn d’Auslänner ongeféier ee Véierel vun der Populatioun ausgemaach. 1994 koumen dunn déi éischt Ännerungen am Gesetz.

"Do ass de Maastrichter Vertrag den entscheedende Moment. Well fir d'Kommunalwalen a fir d'Wale vum Europaparlament d'Nationalitéit, op d'mannst, wann een Europäer ass, keng Roll méi spillt.", esou de Michel Pauly.

Bei dëse Walen dierfen Auslänner matstëmmen, wa se 5, respektiv 2 Joer am Land wunnen. Mee d'Bedeelegung ass bis elo net grouss. E weidere Schrëtt fir d'Integratioun vun den Auslänner war 2008 d'Aféiere vun der duebeler Nationalitéit. Och mam neie Gesetz 2017 ass et méi einfach ginn, de Lëtzebuerger Pass an domat d'Walrecht ze kréien.

Lëtzebuerger ginn, bleift och déi eenzeg Méiglechkeet fir bei Chamberswale mat ze wielen, zanter d'Äntwert beim Referendum och op Fro vum Auslännerwalrecht kloer nee war. Deemno sinn haut nëmmen 42% vun der Bevëlkerung walberechtegt. De Michel Pauly gesäit doran eng potenziell Gefor: "Do riskéiere mer an eng Apartheid eranzegeroden, déi d'Kohesioun vun der Gesellschaft a Fro stellt. Dofir sinn ech schonn der Meenung, dass ee muss doriwwer nodenken, wéi een d'Walrecht kann erweideren."

Och wann d'Auslänner ageschränkt Rechter behalen, ass d'Zuel vu Leit, déi dat aktiivt a passiivt Walrecht hunn, zanter 1960 eropgaangen, well de Walalter erofgesat gouf.