D'Äerdbiewen 2010 huet eent vun deenen esouwisou schonn äermste Länner vun der Welt bannent Sekonnen an eng vu sengen déifste Krise gestierzt.

D'Zerstéierung an d'Leed vun de Leit waren enorm grouss. Ma trotz grousser Solidaritéit weltwäit, war et net evident, fir d'Hëllef esou séier wéi méiglech op d'Plaz ze bréngen. Hëllef vu Lëtzebuerg gouf et awer scho bannent den éischten 72 Stonnen. Obschonn d'Hondsstaffel vun der Croix Rouge net esou wäit vun doheem sollt agesat ginn, goufen zesumme mat der Protection civile 17 Leit mat 7 Muppen op d'Plaz geschéckt, fir no Iwwerliewenden ze sichen. Eng prägnant Erfarung fir all Bedeelegt.

Serge Garidel, Maître chien Protection civile: „Ënnert den Trümmer huet ee leider ganz, ganz vill Läiche fonnt. Et war effektiv en immens groussen Ausmooss vu Katastroph, deen do op der Plaz war."

Marc Koch, Maître chien Protection civile „Gëschter nach ware mir an enger Schoul. Dat ware Biller, déi ech elo hei net esou zum Ausdrock bréngen. Mä an enger Schoul, wou mer Kanner fonnt hunn. Dat war wierklech ganz schlëmm unzekucken. Dat ass kengem ze wënschen."

Alles an allem waren eng 180 Hënn aus aller Welt op der Plaz, ma konnten nëmme wéineg Leit fannen, déi nach um Liewe waren. Haaptsächlech wéinst den héijen Temperaturen an der immens staarker Zerstéierung vun de Gebaier. An de Chaos op der Plaz huet net gehollef. Grousse Frust gouf et bei der Lëtzebuerger Ekipp, well si fir d'éischt emol um Fluchhafen zu Haiti festsouz an net direkt huet dierfen hëllefen.

Marc Crochet, Croix Rouge „Mir sinn dann duerno awer op den Terrain komm, mä och do war et erëm, mir kruten do e Quartier an der Stad zougewisen an hunn dunn awer musse feststellen, dass och aner Ekippen op deem selwechte Quartier geschafft hunn. Wann een dann zu net genuch Ekippen do ass an et ass een dann zu zwou Ekippen um selwechte Koup, ass dat eng belaaschtend Erfarung fir déi Leit, déi mat derbäi sinn, dat si jo oft Benevollen."

Grousse Manktem u Koordinatioun op der Plaz

Der Unicef hir Lager, déi si scho virun 2010 zu Haiti haten, waren och komplett zerstéiert. Si konnten déi Hëllef, déi am Fong schonn do war, deemno och net direkt notzen. Iwwerhaapt war de Manktem u Koordinatioun op der Plaz e grousse Problem.

Paul Heber, Unicef „Dat waren dann deemools déi enorm Erausfuerderungen, déi mir haten, fir an deenen 72 éischte Stonnen iwwerhaapt emol ze verstoen, wat ass wou geschitt, wie brauch wou am meeschten Hëllef, a wéi kënne mir eis elo am beschten organiséieren? Well de Wëllen eleng ass genee wéi haut, och deemools net duergaangen."

An d'Aufgab ass mat der Zäit och net méi einfach ginn. Haiti huet bis haut massiv Problemer.

Paul Heber, Unicef „Et war ee Véierels vun de Ministèren, déi einfach zerstéiert waren. Dir hutt deemno wéi keen Uspriechpartner. Dir musst Iech op der Plaz organiséieren. Et ass net kloer, wou en Terrain ufänkt an ophält. Dir wësst net, wou Dir eng Schoul sollt bauen. Et ass einfach dee Chaos, dat dierf ee wierklech, wierklech net ënnerschätzen. An an deenen 10 Joer säitdeem sinn och erëm aner Katastrophen derbäi komm. Vu politeschen Onrouen, wéi mer se nach viru Kuerzem haten, déi ni hëllefen, mä awer och nach schwéier Stierm, déi iwwert d'Joren einfach an där Regioun sinn. An déi Kombinatioun vun all deene Saachen dréit einfach dozou bäi: et genuch Suen, politesch Onrouen, Katastrophen, dass een eigentlech net esou séier weiderkënnt, wéi et eigentlech misst sinn."

Haut ass Haiti mat vill Kriminalitéit, Korruptioun, Ënnerernierung an engem schwaache Gesondheetssystem geplot. Zanter 2018 sinn do nach deels brutal Protester géint déi politesch Féierung am Land derbäi komm. De Paul Heber gëtt éierlech zou, dass d'Entwécklung an de leschten 10 Joer enttäuschend war, ma fir hien ass dat och e Rappell, fir sech nach méi unzestrengen an och weider Sue fir d'Leit zu Haiti ze sammelen.