E kritesche Bléck op 20 Joer Herrschaft vum Grand-Duc Henri

© Facebook / Cour Grand-Ducale
Et ass ee Rapport, op dee mat Spannung gewaart gëtt...
E Freideg de Moie krut de Regierungsrot de Waringo-Rapport iwwert de groussherzoglechen Haff a seng Personalpolitik iwwerreecht. Duerno de Chamberpresident.
Virun 20 Joer hat de Grand-Duc Henri d'Successioun vu sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Land iwwerholl. Et sollt eng Herrschaft mat engem neie Stil ginn, méi modern. Déi groussherzoglech Koppel wollt méi accessibel sinn, méi no bei der Ëffentlechkeet. Eppes, wat ee bis dohinner net gewinnt war.
Thematesch Andeelung
Politesche Volet
De Grand-Duc Henri huet 2008 refuséiert, d'Euthanasiegesetz z'ënnerschreiwen. Dat aus perséinlechen Iwwerzeegungen. Doropshin goufe seng Pouvoire beschnidden. Säi Recht, fir ze sanktionéieren, "also ee Gesetz z'acceptéieren", gouf aus der Verfassung erausgeholl. Dëst ass een Artikel aus der Constitutioun, deen 150 Joer al ass.
Datt de Grand-Duc politesch interesséiert ass, huet sech och scho bei der Ouverture vun der Chambersessioun 2001-2002 gewisen. An der Reegel delegéiert de Grand-Duc dem Premier d'Recht, fir d'Chamber opzemaachen. Déi Kéier haten de Staatschef a seng Fra dës Tâche iwwerholl. Éischter een ongewéinleche Schratt, wann ee consideréiert, datt de Staatschef sech bis deen Ament aus der Politik erausgehalen hat.
Perséinleche Volet
Ongewinnt och d'Decisioun vun der Grande-Duchesse Maria Teresa, déi am Summer 2002 15 Chefredaktere an de Palais geruff hat. Si huet der Press vu Mobbing vu Säite vun hirer Schwéiermamm erzielt. D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte géif si haassen a si just déi "kleng Kubanerin" nennen, well si keen adelegt Blutt hätt.
Finanzielle Volet
Eng geplangte Stee fir groussherzoglech Bijoue vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte beim Auktiounshaus Sotheby's ze versteeën, huet 2006 fir gréisser Diskussiounen an der Ëffentlechkeet gesuergt. D'Diademer gi schlussendlech dat Joer net versteet. 8 Joer méi spéit sollt dofir awer ee Miwwelstéck vun der Mamm vum Grand-Duc Henri iwwert den Dësch goen, fir ronn 153.000 brittesch Pond.
Eng änlech Situatioun gouf et ee Joer méi spéit mam Rescht vum Gréngewald, deen am Privatbesëtz vun der Famill ass. Dee sollt verkaf ginn. Um Enn huet den Haff seng Pläng zeréckgezunn.

© Facebook / Cour Grand-Ducale
Personalkarussell
Déi lescht Jore gouf et um groussherzoglechen Haff eng sëllechen Departen, déi dofir gesuergt haten, datt de Jeannot Waringo beoptraagt gouf, ee Rapport ze schreiwen. Haffmarschall, Première Conseillère, Generalsekretär a Responsabel am Service vun der Kommunikatioun goufen am reegelméissegen Ofstand gewiesselt. Grënn koumen ni un d'Ëffentlechkeet. Rumeuren iwwert Meenungsverschiddenheete mam Haff hu sech laang gehalen.
Eng Mataarbechterin vum Haff wollt auspaken an hir Erfarungen als Schneiderin fir d'Cour an engem Buch festhalen. Si huet 14 Joer fir den Haff geschafft. Am Kënnegungsbréif gouf hir "insubordination", also „Ungehorsam" reprochéiert. D'Fra hirersäits huet behaapt, dass si ëmmer nees humiliéiert an harceléiert gouf, an ass domat op d'Aarbechtsgeriicht gaangen.
Diplomatesche Volet
Offiziell Evenementer a Staatsvisitten, déi aus perséinleche Grënn ofgesot goufen? Faux'pas jo oder neen? Direkt e puer Mol war d'Grande-Duchesse Maria Teresa net present. Am Juni 2016 huet si de rumänesche Staatspresident Klaus Iohannis stoe gelooss. 2017 ass si net mat a Japan geflunn, dës Kéier war de Grond Fluchangscht. Och beim Begriefnis vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie hirem Papp huet d'Grande-Duchesse sech entschëllege gelooss. Si war op Paräis gereest, fir do dem Adelsexpert Stéphane Bern ee Präis z'iwwerreechen.
Chronologie vun den Evenementer
2001-2002: De Grand-Duc Henri a seng Fra haten déi nei Chamber-Seance opgemaach, obschonns dat an der Reegel de Premier mécht. De Grand-Duc war zwar per Verfassung autoriséiert d'Chamberssitzung opzemaachen, mä delegéiert dës Tâche normalerweis un de Premier weider.
2002: D'Grande-Duchesse Maria Teresa hat am Summer 2002 15 Chefredaktere geruff, fir hinne vun hirer Situatioun op Schlass Bierg ze schwätzen. Si huet der Press vu Mobbing vu Säite vun hirer Schwéiermamm erzielt. D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte géif si haassen a si just déi "kleng Kubanerin" nennen, well si keen adelegt Blutt hätt. Annerhallef Stonn laang soll d'Fra vum Grand-Duc Henri iwwert hire Misär gekrasch hunn. De Grand-Duc Henri hat deemools schonn direkt virun der Konfessioun virun der Press erkläert, senger Fra de Réck ze stäipen.

© Facebook / Cour Grand-Ducale
2005: De Numm "Grand-Duc Henri" ass am Kontext vun der SREL-Affär gefall. Den Elektronikfachmann Mariotto huet d'Rumeur verbreet, de Grand-Duc Henri an de Premier Jean-Claude Juncker wiere beim Gespréich iwwert de Bommeleeër ofgelauschtert an enregistréiert ginn. Dat Gespréich wier op enger kryptéierter CD.
2006: De Staatschef Henri wollt d'Bijoue vu senger Mamm, der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, bei Sotheby's versteeë loossen. Ënnert anerem wollt déi groussherzoglech Koppel deemools Diademer mat Diamante besat versteeë loossen, déi d'Joséphine-Charlotte fir hir Hochzäit vum Prënz Jean geschenkt krut. Dozou koum et net.
D'Objete sollten ee Wäert vun 80.000 – 140.000 Euro, bzw. 180.000 – 240.000 Euro hunn. Donieft sollten och nach e Puer Ouerréng, eng Brosch an ee Bracelet ënnert den Hummer kommen. D'Groussherzogin Joséphine-Charlotte ass den 10. Januar 2005 zu Fëschbech gestuerwen.
2007: Déi groussherzoglech Koppel wollt de leschte Rescht vum Gréngewald, deen am Privatbesëtz war, verkafen. Dat Ganzt koum eraus, well de gréngen Deputéierte Camille Gira eng parlamentaresch Fro gestallt hat. Um Enn hat den Haff seng Pläng zeréckgezunn.
2008: D'Pouvoire vum Grand-Duc Henri goufe beschnidden. Hien hat bis dato de pouvoir, fir ze "sanktionéieren" an och ze "promulgéieren". An der Constitutioun gouf d'Recht, fir ze sanktionéieren, "also ee Gesetz z'acceptéieren" erausgeholl. Dat Ganzt ass am Kader vum Euthanasiegesetz geschitt, dat de Grand-Duc Henri refuséiert hat z'ënnerschreiwen, well et net am Aklang mat senge kathoulesche Wäerter war.

© Facebook / Cour Grand-Ducale
Januar 2014: Beim Londoner Auktiounshaus Sotheby's gouf e Miwwelstéck vun der Groussherzogin Joséphine-Charlotte, der Mamm vum Groussherzog Henri, versteet, fir 152.500 Pond. Donieft goufen och e puer Ouerréng an eng Ketten aus Gold a Korallesteen vun engem Wäert tëscht 15.000 an 20.000 Pond verkaaft.
Juli 2014: Eng Mataarbechterin vum Haff gouf mat engem Préavis vu 6 Méint licenciéiert. Bis dato hat d'Fra 14 Joer als Femme de chambre fir d'Cour grand-ducale geschafft a war am Juli aus engem 2 Méint laange Krankeschäin erëmkomm. Am Kënnegungsbréif gouf hir "insubordination", also "Ungehorsam" reprochéiert. D'Fra huet hirersäits behaapt, datt si ëmmer nees humiliéiert an harceléiert gouf a war domat op d'Aarbechtsgeriicht gaangen. Si wollt hir Erfarungen am Palais an engem Buch festhalen. Bis haut huet een awer näischt méi vun der Fra héieren. Si war iwwregens vu Formatioun Schneiderin an hat sech ënnert anerem ëm d'Tenuë vun der Grande-Duchesse gekëmmert.
September 2015: Den Haffmarschall Pierre Bley hat opgehalen. Hie war zanter 2013 op sengem Posten an hat fréizäiteg gekënnegt. Mat der Demissioun vum Pierre Bley hat d'Personalkarussell um groussherzoglechen Haff ugefaangen.
Haffmarschall, Première Conseillère, Generalsekretär a Responsabel am Service vun der Kommunikatioun goufen am reegelméissegen Ofstand gewiesselt. Grënn koumen ni un d'Ëffentlechkeet. Rumeuren iwwert Meenungsverschiddenheete mam Haff hu sech laang gehalen.

Oktober 2015: Manner Hierarchie an méi Effikassitéit. Den Haff hat 2015 decidéiert, sech den Erausfuerderunge vun der Zäit unzepassen, méi modern ze ginn, an hat sech dofir reorganiséiert. Ënnert anerem gouf e "Cabinet vum Groussherzog" geschaaft, dee vum Michel Heintz geleet gouf. Hie sollt de Grand-Duc iwwert déi politesch Aktualitéit informéieren, Riede schreiwen a war gläichzäiteg Porte-Parole vum Haff. Och d'Groussherzogin krut e Staff vu Mataarbechter, mat un der Spëtzt de Guy Schmit.
Mäerz 2016: Eng weider fréier Mataarbechterin vum groussherzoglechen Haff hat eng Plainte géint den Haff wéinst Mobbing gemaach. An engem Interview mat der franséischer Noriichtenagence AFP hat d'Maria Teresa erkläert, dass si näischt géif dovunner halen, fir mat Suen d'Affär aus der Welt ze schafen an esou een ëffentleche Prozess z'evitéieren. Et wiere schliisslech d'Sue vum Steierzueler, dat wier ethesch net vertrietbar. Ugeschwat op hir Roll als Groussherzogin, déi net an der Verfassung thematiséiert gëtt, huet d'Maria Teresa erkläert, dass d'Monarchie eng "Paarangelegenheit" wier. Si huet sech op Spuenien, Belsch an Holland bezunn, wou de Partner zur "Ausstralung vun der Monarchie" géif bäidroen.
Juni 2016: De Feierkrop huet iwwer eng Entrevue tëscht dem Groussherzog Henri a Vertrieder vun der Regierung geschriwwen (Félix Braz, Etienne Schneider a Xavier Bettel) iwwert d'Personalpolitik um Haff. Fir de Schued a Grenzen ze halen an eng Kris vun der Monarchie ze verhënneren, wollt d'Regierung e Wuert matschwätzen, wat d'Rekrutéiere vum Personal ugeet, esou d'Satire-Zeitung.
Juni 2016: Diplomateschen Incident: D'Grande-Duchesse Maria Teresa hat de rumänesche Staatspresident Klaus Ioannis einfach esou stoe gelooss. Si war rosen a getouft, well den Haff huet missten de Kontrakt mat enger Mataarbechterin kënnegen, déi fir d'Madamm awer vill geschafft hat. Et huet sech ëm d'Chantal Selva gehandelt. Si ass Auteur vum Buch „la programmation neuro-linguistique appliquée à la négociation" a souz zum Beispill nieft der Grande-Duchesse, wéi déi iwwert "troubles d'apprentissage" sensibiliséiere wollt. D'Chantal Selva hat dem Haff just net gesot, datt si a Frankräich e Casier judiciaire huet. Opgefall war dat, wéi si fir Nationalfeierdag sollt eng Medaile kréien an dunn nom Casier judicaire gefrot gouf. D'Chantal Selva krut keng Medaile an d'Grande-Duchesse war rosen an hat eng stënterlech Rees an d'Schwäiz gemaach – an de Programm fir de rumänesche President a seng Madamm hat missen en vitesse geännert ginn.

© Facebook / Cour Grand-Ducale
November 2017: D'Grande-Duchesse hat net nëmmen d'Rees a Rumänien annuléiert, och fir eng Missioun a Japan war se net mat dobäi. Si hätt Angscht virum Fléien, huet et vun offizieller Säit geheescht. D'Maria Teresa huet sech duerch hir Duechter Alexandra ersetze gelooss.
2018: De Grand-Duc Henri a säi Bouf, de Prënz Sébastian gounge Kitesurfen. Net egal wou, mä bei der Küstestad Dakhla, wou déi Waassersportaart immens beléift ass. Ma et handelt sech do ëm ee Konflikt-Territoire, westlech vum afrikanesche Kontinent.
2019: D'Grande-Duchesse Maria Teresa war net beim Begriefnis vum Papp vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie mat dobäi. Si war op Paräis gereest, fir dem Adelsexpert Stéphane Bern, deen zum enke Bekanntekrees vun der groussherzoglecher Koppel zielt, e Präis z'iwwerreechen.
Juli 2019: Op Schlass Bierg gouf et Sträit tëscht der Astrid Lulling an der Grande-Duchesse. Déi hätt Aussoe gemaach, déi d'Astrid Lulling esou net stoe wollt loossen. No dem Intermezzo gëtt d'FNFL (Federatioun vun der CSV-Politikerin) aus dem nationale Fraerot ausgeschloss.
August 2019: De Jeannot Waringo gouf vun der Regierung domadder beoptraagt, erauszefannen, firwat d'Personalkarussell um Haff esou séier dréint a fir ee Bléck op d'Finanze vum Haff ze geheien.
Oktober 2019: D'Grande-Duchesse war bei den offiziellen Evenementer am Kader vun der Staatsvisitt vun der belscher Kinnekskoppel net mat dobäi, well si um Knéi operéiert gouf. Hir Duechter Alexandra ass fir si agesprongen. Déi offiziell Gerbe, déi d'Belsch matbruecht haten, huet d'Grande-Duchesse net wärend dem Galadinner gedroen, wat awer Usus ass. D'Erklärung: si wier um Knéi operéiert ginn.

© Facebook / Cour Grand-Ducale
17. Januar 2020: De Journalist Pol Schock huet een Artikel am Lëtzebuerger Land iwwert Informatioune publizéiert, wéi d'Personal um Haff dréint. No e puer Stonne war déi Editioun vum Lëtzebuerger Land ausverkaaft.
24. Januar 2020: Xavier Bettel krut de Rapport vum Jeannot Waringo iwwert de groussherzoglechen Haff.
27. Januar 2020: De Grand-Duc Henri huet a sengem perséinlechen Numm, ouni groussherzoglechen Wopen, e Bréif un de Public adresséiert, an deem hie seng Fra verdeedegt an d'Medie schaarf kritiséiert.
29. Januar 2020: An de Medie war ze liesen, datt de Rapport freides, den 31. Januar an de Regierungsrot kéim an de Chamberpresident Fernand Etgen ee Courrier mam Rapport zougestallt kritt. De Public soll direkt nom Regierungsrot iwwert de Site vun der Regierung Accès op d'Dokument kréien.
5. Februar 2020: De Rapport soll an der Chamberkommissioun vun den Institutiounen debattéiert ginn. De Premier Xavier Bettel soll den Deputéierte Ried an Äntwert an där Kommissioun stoen.