Berodung iwwer Telefon an Internet esou wéi mobille Guichet ausbauen
Grad well elo 11 Agencen zougemaach goufen, ginn elo aner Zerwisser bei der Spuerkeess ausgebaut.
Et war eng Annonce, déi d'lescht Woch fir vill Opreegung a Roserei gesuergt huet: d'Spuerkeess mécht 11 Agencen zou. Dat wier keng Spuermoossnam, sot d'Generaldirektesch vun der Spuerkeess Françoise Thoma bei eis am Interview. Ma wat heescht dat genee fir de Service um Client a fir dat concernéiert Personal?
En Ordre permanent maachen, d'Limitt op enger Kaart änneren, Geld iwwerweisen. Iwwer Telefon an Internet assuréieren eng 20 Mataarbechter zu Leideleng dës Servicer, déi traditionell éischter an der Agence gemaach goufen. Domat géifen d'Mataarbechter an den Agencen entlaascht ginn, seet d'Carmen Jaffke vun der Personaldelegatioun vun der Bank.
"De Virdeel u sech vum neie Servicedirect Centre. Deen iwwerhëlt alleguer d'Telefonen, d'Mailen, an och d'SNet-Mailen. Dat erlaabt de Kolleegen an den Agence sech méi Zäit ze huelen, fir de Client a sech besser z'organiséieren. Wat och eng Ufro vum Personal war. A si freeë sech elo wierklech déi Zäit, déi se de Cliente mussen a wëllen opbréngen, kënne benotzen."
D'Personaldelegatioun géif sech elo dofir asetzen, datt d'Mataarbechter kënnen an eng Agence an där selwechter Regioun kommen, an där se den Ament schaffen.
Déi 54 Agencen, déi bleiwen, sinn am Gaange moderniséiert ze ginn. Dozou gehéiert, datt ee kee Geld méi iwwert d'Théik kritt, mä nëmmen nach just am Bankomat. Dat léich zum Deel un enger Tendenz fort vum Boergeld, esou de Chef vum Agence-Reseau vun der Spuerkeess Gaston Molling, ma net nëmmen.
"Mir hunn déi lescht Jore ganz vill Agence renovéiert, dee Programm, dee leeft och virun, iwwert déi nächst Joren, wou mer eis Agencen u sech net méi esou equipéieren, datt een hannert déckem Panzerglas sëtzt, mä wou mer vill méi oppe mam Client kënnen ëmgoen."
D'Mataarbechter an den Agencë géifen de Leit awer beim Bankomat hëllefen. Bei Clienten, déi wéinst enger Behënnerung Schwieregkeeten hätten an d'Agence ze kommen oder de Bankomat ze benotzen, géifen d'Agenten och scho mol heemgoen.
Zanter knapp dräi Joer gëtt et iwwerdeems eng mobil Agence, e Bus deen a fënnef Uertschaften all Kéier annerhallef Stonn d'Woch op der Plaz ass. Dat wier net immens lukrativ, seet de Gaston Molling.
"Mä do geet et guer net drëm, fir hei Benefice ze maachen, hei geet et wierklech drëm fir eise Clienten de toutes couleurs entgéintzekommen. Ech widderhuelen: mir si fortgaangen an enger ganzer Partie Dierfer, mä dat hei, dat si sou Kompensatiounsmoossnamen, Léisungen, fir deene Leit an hirem Daily-Banking ze hëllefen."
D'Bank wier den Ament am Gaangen ze kucken, a wéi eng Gemengen dee Bus nach kéint hifueren, wou elo Agencen zoumaachen, do wier awer nach näischt sprochräif.
"Elo mat deenen neie Fermeture vun Agence maache mer natierlech erëm eng Analyse, wou esou e Service eventuell sech nach géif opdrängen. Dir verstitt, dass een haut do nach keng konkret Aussoe ka maachen, dat kucke mer mat deene betraffene Gemengen. Do spillen nämlech och eng ganz Partie Facteure mat, notamment d'Distanz bis zu där nächster Agence, wéi ass d'Clientèle, wéi ass den Undrang, wéi ass d'Demande, wéi sinn déi aner Méiglechkeete mat Bankomater an esou weider."