11 Spuerkeess-Agencë maachen zouPersonal war informéiert, sou de Pierre Gramegna

Claude Zeimetz
Dat äntwert de Finanzministère dem CSV-Deputéierte Marc Lies, dee weider Detailer zu de rezent annoncéierte Fermeturë vu Filiale wollt wëssen.
© Domingos Oliveira

Déi zwéi Vetrieder vun der Personaldelegatioun séizen am Verwaltungsrot a wieren, wéi all déi aner Memberen an der Reunioun vum 12. Februar informéiert ginn. D’Personal wier vun der Direktioun direkt no där Reunioun au Courant gesat ginn.

Déi zoustänneg intern Zerwisser wiere mat agebonne ginn an et wiere Léisunge fir all d’Employéë fonnt ginn.
All déi concernéiert Mataarbechter ginn iwwerdeems intern reaffektéiert, heescht et weider an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Hesper Député-Maire.

PDF: Äntwert vum Pierre Gramegna op eng parlamentaresch Fro vum Marc Lies (20.2.2020)

Back to Top
CIM LOGO