Dat huet déi europäesch Handelskummer a China dës Woch matgedeelt. D’Liwwerketten a Richtung Europa wären aktuell ënnerbrach an och hei zu Lëtzebuerg si schonn éischt Konsequenzen ze spieren.
A ville Fabrécke géing nämlech nach net geschafft ginn. Wéinst den extrem strikte Reglementatioune vu Peking hätt d’Aarbecht no der verlängerter Vakanz iwwer dat chinesescht Neijoerschfest net méi kënnen ugefaange ginn. Et gëtt näischt produzéiert, ma och näischt méi verschëfft.
An Europa géinge vill Entreprisen op Stécker waarden, déi si fir hir Produktioun bräichten an ouni déi si net kéinte schaffen, sou heescht et weider vun der europäescher Handelskummer a China. Och déi grouss Lëtzebuerger Entreprise IEE, déi zu de weltwäit gréissten Autoszouliwwerer gehéiert, ass aktuell blockéiert. D’Produktioun a China geet net virun.
Generaldirekter Michel Witte: „Mir kucke fir d’éischt mol no de Leit. Dat heescht, ons Leit sinn elo mol blockéiert, virun allem a China. Si däerfen nach net op d’Aarbecht kommen. Si mussen, wa se fort waren, iwwer d’chinesescht Neijoer Ufank Februar, 2 bis 3 Wochen doheem bleiwen. Wann dann alles an der Rei ass, dierfe se lues op d’Aarbecht kommen an da geet et weider. Nach hu mir vum Stock gelieft. De Problem ass elo, mir hunn d’Boite erof gefuer, well mer d’matières premières net méi kréien. Wat heescht dat? Dat heescht, déi ganz Roumaterialien, déi mir brauchen, fir ons Produiten a China ze produzéieren, déi kréie mer den Ament net. Déi sinn normalerweis iwwer Shanghai komm. Mä et dierf awer am Moment keng Logistik iwwer d’Strooss oder iwwer d’Loft gemaach ginn. Also si mer domadder praktesch blockéiert.”
Iwwerall op der Welt géing et elo zu Enkpäss duerch Ersatzdeeler aus China kommen, well et och keng Schëffer méi ginn, déi d’Wuere kéinten transportéieren.
Wéi schlëmm ass dat dann eigentlech fir déi chinesesch Wirtschaft? De Jörg Krämer, Chef-Ekonomist vun der däitscher Commerzbank: „Ich hab mal so eine Überschlagsrechnung gemacht. Wenn die Unternehmen eine Woche nicht arbeiten und das war ja die Verlängerung der Neujahrsferien um eine Woche. Eine Woche keine Produktion bedeutet, dass das Bruttoinlandsprodukt in China im ersten Quartal um 2 Prozent zurückgeht. Und wenn sich jetzt die Wiederaufnahme der Produktion verlagert um eine Woche, was sich ja abzeichnet, dann geht das BIP nicht um 2 sondern um 4 Prozent zurück.”
Eisen Informatiounen no gëtt et den Ament och schonn eng Autosmark zu Lëtzebuerg, déi hire Clienten – op Nofro - scho matgedeelt huet, dass hiren Elektro-Auto ee Mount méi spéit wäert geliwwert ginn, well d’Produktioun a China net géing virukomme wéi geplangt. D’Lëtzebuerger Automobilsfederatioun Fedamo huet op Nofro awer matgedeelt, dass den Ament hei am Land keng Repercussiounen am Automobilsecteur ze spieren wären.
Den Owend am Journal héiert dir och Explikatiounen iwwert dem Impakt vum Coronavirus op d’Lëtzebuerger Ekonomie vum Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen.