De Soziolog a Professer vun der Uni Stroossbuerg war zu Lëtzebuerg, fir d'Presentatioun vum Buch vun der Associatioun "Passerell" iwwert d'Flüchtlingen.

Europa fäert eng nei "Flüchtlingswell" an d'Associatiounen, déi sech fir déi Mënschen asetzen, déi eng Demande fir Asyl stellen, soen, dass et ëmmer méi schwéier gëtt, fir dat Grondrecht ze kämpfen, dass Mënschen, déi flüchten, well si a Liewensgefor sinn, selwer als Menace ugesi ginn.

Mä wéi kann een beurteelen, wie Recht huet op Protektioun?
Wéi kann ee sécher sinn, dass eng Persoun a Gefor ass?
Wéi schwéier ass dat, wann et keng Pabeieren oder Beweiser gëtt?
A wéi viru Friemen iwwert Erliefnesser schwätzen, déi deels ganz traumatesch sinn?

RTL

Am Interview geet et genee ëm déi Froen mat engem Mann, deen 14 Joer laang Juge Assesseur war vun der Cour nationale du droit d'asile am Frankräich, de Smäin Laacher.

De Soziolog a Professer vun der Uni Stroossbuerg war op Lëtzebuerg komm, fir d'Presentatioun vun engem Buch vun der Associatioun Passerell, déi Demandeure fir Asyl bei hiren Demarchen beréit an hëlleft. E Buch an dem 9 Eenzel Schicksaler portraitéiert ginn an zu dem den Smäin Laacher d’'Virwuert geschriwwen huet.

Buch vun der Passerell: Asyl bleift e Grondrecht

Interview mat "Passerell"
D'Associatioun setzt sech fir d'Rechter vu Flüchtlingen an huet rezent e Buch erausbruecht.

Den tierkesche President Erdogan hält d'Flüchtlingen net méi zréck a léisst si bis op d'Grenz mat Griicheland. D'Griichen hunn als Reaktioun jo mol decidéiert, keng Asyldemanden méi unzehuelen a versicht, déi Leit, déi illegal an d'Land koumen, zréck an Tierkei ze drécken, wat dat tierkescht Militär verhënnere soll. Dëst ass eng dramatesch Situatioun, déi och enger Associatioun, wéi Passerell, e Grupp vu benevollen Juristen, déi Asyldemandeuren hei am Land hëllefen, ganz vill Suerge mécht, wéi hir Presidentin Catherine Warin erkläert.

Que Erdogan ouvre les frontières c’est consternant, dans la mesure où il utilise des personnes comme moyen de pression, des personnes très vulnérables y compris des familles avec des enfants. Ce qui nous inquiète c’est la réaction, ou plutôt le manque de réaction des états membres de l’ UE. En fait on constate que les demandeurs d’asile sont perçus avant tout comme une menace et lä on se retrouve à devoir défendre l’existence même du droit d’asile.

Dobäi sinn u sech d'Konditiounen zu Lëtzebuerg allgemeng éischter gutt, fir wann ee mat anere Länner vergläicht. Basis Besoine fir Asyl-Demandeure si grad esou garantéiert, wéi juristesch Assistenz. Dat heescht awer net onbedéngt fir déi Betraffen, hir Rechter och ze kennen a kréie ze kënnen...

L'Assistance judiciaire est une très bonne chose, mais les avocats sont très souvent bloqués par de délais très serrés. Cela représente une masse de travail gigantesque, ce qui fait que les demandeurs d’asile ont besoin aussi d’autres sources d’information et d’autres soutiens pour exercer leurs droits correctement. C’est ce que nous essayons de faire chez Passerell.

Konkret Schicksaler aus den iwwer 700, déi déi lescht 3 Joer bei Passerell Hëllef fonnt hunn, ginn an dësem Buch, dat um Festival des Migrations presentéiert gouf, stellvertriedend gezielt, fir ze weisen, dass et ëm Mënsche geet. D’Associatioun huet eng ganz Partei konkret Propose ausgeschafft, wéi ee Prozeduren zu Lëtzebuerg kéint verbesseren. Op europäeschem Niveau gëtt awer zanter Jore just opgeschuppt am Plaz ze léisen.

Je pense qu’il y a beaucoup de crispations qui sont générées par des dysfonctionnements dans le système d’asile européen. Ces crispations n’ont pas été réglées depuis des années, s’accumulent et cela crée des tensions qui sont de pire en pire, et qui sont de plus en plus difficile à régler, par exemple avec le règlement de Dublin.

Dat heescht jo, dass dat Land zoustänneg ass, an dem d’Demandë fir d'Éischt gestallt gouf. Dass dat kee Sënn mécht an zu den extreme Situatiounen a Griicheland an Italien féiert, ass laang gewosst. Spéitstens elo ass och kloer, dass Deale, wéi deen mat der Tierkei, fir géint Geld d'Flüchtlingen ofzehalen, an Europa ze kommen, grad sou wéineg eng Léisung sinn. An Angscht hin oder hir, Asyl bléift e Grondrecht!

Le droit d’asile est inscrit dans les traités européens, dans les conventions de Genève que l’Europe s’est engagée à respecter. À partir du moment où on commence à porter atteinte à l’exercice de ce droit, on remet en question les valeurs fondamentales de l’ Europe.