Keng Events mat méi wéi 1.000 Leit bis den 31. Mäerz
Um Mëttwoch war wéinst der Ausbreedung vum Virus en exzeptionelle Regierungsrot beieneen, dono war e Briefing, deen op RTL.lu am Livestream ze gesi war.
Op der Pressekonferenz present waren de Lex Delles Minister, vun de Classes moyennes, d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, de Wirtschaftsminister Franz Fayot an de Premierminister Xavier Bettel.
Et hëlt een de Coronavirus eescht, jiddwereen huet och selwer eng Responsabilitéit ze droen, esou de Premier Xavier Bettel. Et soll ee keng Panik bedreiwen, ma et soll een de Virus awer och net ënnerschätzen. Virun allem al Leit a Persounen déi Virerkrankungen hunn, sinn déi Zilgruppen, bei deenen elo muss massiv agéiert ginn an déi och mussen geschützt ginn. Et soll een zum Beispill evitéieren, d'Grousseltere besichen ze goen.
Et geet kloer drëms, d'Ausbreedung ze limitéieren. D'Vitess vun der Verbreedung drosselen, fir dass weider ka geschafft ginn, ass eng vun de Prioritéiten. Elo misst een agéieren, a net net nëmme reagéieren, dat mat verschiddene Mesuren, déi an engem Phaseplang stinn, déi dann, wann den Zäitpunkt komm ass, kënnen declenchéiert ginn. Wa nei Mesurë musse geholl ginn, da géifen d'Regierung déi och effektiv declenchéieren a géifen strikt agehale ginn.
Hei déi 3 Phasen, an déi de Verlaf vum Virus elo mol agedeelt ka ginn:
Phas 1: Containment
Phas 2: Clusterphas, déi ass awer net warscheinlech, well Lëtzebuerg ze kleng ass
Phas 3: De Virus ass komplett do, wéi e normale Grippe-Virus och
D'Hänn wäschen, dat bis zu 30 Sekonne minimum, bleift weiderhin eng vun de wichtegste preventive Mesuren. Et soll dann och verzicht ginn, de Leit d'Hand ze ginn an enke Kontakt ze hunn.
Wann ee krank ass, soll een doheem bleiwen. Soulaang een net weess, wat een huet, soll een d'Haus net verloossen an d'Hotline 8002 8080 uruffen. Et soll ee weiderhin op kee Fall an e Wartesall oder an d'Urgence goen.
Et ginn 76 Leit, déi den Ament a Quarantän sinn, a 14 Deeg solle bei sech doheem bleiwen. 7 Fäll si bis elo positiv, hei sinn dem Gesondheetsministère no awer scho Leit um Wee vun der Besserung, obwuel et keng dramatesch Fäll ënnert deene 7 ginn. All Dag géif och getest ginn, ufanks waren et pro Dag 20 Tester, elo läit ee ronn beim 3-fachen.
Iwwer 500 Doudeger ginn et an Europa. Lëtzebuerg ass an der 1. Phas, also der Phas fir anzedämmen. Et ass een a stännegem Kontakt mat all de Länner an der EU. Et muss un engem Strang an Europa gezu ginn. Lëtzebuerg versicht d'Phas vum "Containement" oprecht ze erhalen, sou laang et Sënn mécht. Fir déi meescht Leit manifestéieren sech d'Symptomer wéi eng normal Gripp, ma fir eeler Leit a Persoune mat Erkrankungen ass et awer kloer e Risiko. Et muss dann och en A op d'Commandë vu Medikamenter gehale ginn.
Evenementer, Quarantän fir Kanner a Maisons médicales
D'Organisateure vun Eventer am Land hunn eng gewësse Guideline vum Ministère kritt. Eventer mat iwwer 1.000 Leit dierfte bis den 31. Mäerz net méi stattfannen. Organisateuren, déi d'Situatioun net genee aschätze kënnen, géifen natierlech Ënnerstëtzung a Rotschléi vun der Santé kréien.
Et gouf awer och präziséiert, dass Eventer ënner 1.000 Leit genee sou kënnen ofgesot oder verréckelt ginn, dat géif dann vu Fall zu Fall vun der Gesondheetsinspektioun analyséiert a bewäert ginn.
Da géif de „Congé pour raisons familiales“ och fir Eltere gëllen, am Fall wou Kanner präventiv a Quarantaine gesat ginn.
D'Maisons medicales sinn och elo an der Woch vun 8-16 Auer op, Leit mat grippenänleche Symptomer sollen dohinner goen. Op dëse Plazen géifen déi néideg Mesure getraff ginn.
Mat der Krankekeess géif iwwerdeems gekuckt ginn, wéi Télé-Consultatioune kéinten agefouert ginn. 50 Betriber hätte schonn ugefrot, fir kuerz ze schaffen.
Da war et nach eng Kéier den Appell vun der Ministesch, fir sech um Site vun der Santé z'informéieren. D'Recommandatioune géifen ëmmer erëm änneren, dofir soll ee sech um offizielle Site um aktuelle Stand vun den Informatiounen halen.
Auslännesche Sitten wieren zwar interessant ze suivéieren, ma wären fir Lëtzebuerg net relevant, well d'Situatioun vu Land zu Land an der EU sech anescht duerstellt. Et wier den Ament net méiglech, eng gemeinsam Politik an der EU ze fannen, vill Länner wéilte fir sech eleng agéieren an Decisiounen huelen. Et soll awer trotzdeem en Echange tëscht de Länner bleiwen.
Am Dag ginn et bal 700 Telefonater op d'Hotline 8002 8080 vu Persounen, déi sech Suerge maachen oder Symptomer weisen.
Verantwortung huelen, Betriber ënnerstëtzen
Nieft de gesondheetlechen Aspekter vum Virus gouf e Mëttwoch de Mëtteg och iwwert d'Auswierkungen op d'Wirtschaft geschwat a wéi de betraffene Betriber soll gehollef ginn.
Bannent de leschte 7 Deeg hätte sech ronn 50 Betriber beim Ministère gemellt, dass si doriwwer nodenken, Kuerzaarbecht anzeféieren, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Dobäi geet et ëm ronn 1.500 Aarbechtsplazen. En Deel dovu wier am Beräich vun der Hotellerie, der Restauratioun an allgemeng dem Evénmentiel, ma och an der Industrie kéimen esou lues eng Rei Betriber an d'Laberenten, wéi de Minister erkläert.
Franz Fayot:„Et sinn och eng Partie Industrien derbäi. An et sinn der derbäi, wou bis zu 200 Leit eleng an enger Entreprise concernéiert sinn. Dat ass typesch dee Fall, wou e Betrib sech net méi am Ausland approvisionéiere ka mat Stécker, dat heescht also net méi beliwwert gëtt."
Beim Chômage partiel iwwerhëlt de Staat 80 Prozent vun de Paien. En Instrument, dat sech an der leschter Kris als immens effikass erausgestallt hätt, esou de Franz Fayot weider:
„Et huet sech gewisen an der leschter grousser Kris, der Finanzkris vun 2008/2009, dass dat wierklech en immenst hëllefräicht Instrument war, fir ebe justement ze kucken, dass d'Entreprisen net musse Leit entloossen a kënnen erëm direkt urappen, wann d'Konjunktur erëm besser ass."
Et géif een de Virus als Cas de force majeure ugesinn, an et géif een de Chômage partiel och op all concernéiert Beräicher ausdeenen. Vun dëser Mesure kënne Betriber profitéieren, déi entweder net méi genuch Leit hunn, fir hir Produktioun z'assuréieren, deenen hir Zouliwwerer net méi schaffen, oder déi ënnert engem massiven Abroch vun der Demande, respektiv der Clientèle leiden.
Ma och bei punktuelle Liquiditéitsschwieregkeete kënne Betriber vum Staat ënnert d'Äerm gegraff kréien. Wann alleguer d'Krittären erfëllt sinn, kann de Staat de Betriber Sue virstrecken, déi herno nëmmen zum Deel mussen zeréckbezuelt ginn. Dës Hëllefe sinn aktuell op 200.000 Euro iwwer dräi Joer limitéiert. Et wier wichteg, séier an effikass kënnen ze hëllefen, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles.
Lex Delles: „Et ass eng Avance recupérable, wou also duerno de Bilan gemaach gëtt, gekuckt gëtt, fir en Deel vun de Suen zeréckzebezuelen an déi 50 Prozent vum Montant éligible, déi sinn eben direkt eng Aide."
Fir dës Hëllef ze kréien, muss offiziell unerkannt ginn, dass e bestëmmten Evenement, wéi elo d'Epidemie vum Coronavirus, an engem gewëssenen Zäitraum en negativen Impakt op d'Wirtschaft hat an dass de Betrib wéinst dësem Evenement Aboussen a senge Revenuen hat. All weider Informatiounen, wéi een dës Hëllefe ka kréien a wou een dës muss ufroen, fënnt een um offizielle Site vun der Regierung gouvernement.lu.
Ëmfro
Wie sech iwwert de Coronavirus informéiere wëll, kann dat iwwert d'Hotline 8002 8080 maachen oder iwwert den Internetsite vum Gouvernement. Wann ee sollt mengen, Symptomer ze hunn, an ee grad aus enger Risikoregioun zeréck heem koum, soll een net bei den Dokter oder an d'Urgence goen, mä d'Hotline uruffen. Well ee soss aner Persoune kéint mam Coronavirus ustiechen.