
Konfusioun bei den Zuele vun de bestätegten Infizéierten. Kuerz no 9 Auer goufen um Site gouvernement.lu déi neisten Zuele matgedeelt. Hei war Rieds vun 618 Infizéierten. Eng 20 Minutte méi spéit koum dunn e Rectificatif an deem et heescht, et wieren 484 bestätegt Fäll. Dat sinn der ëmmer nach 149 méi, wéi den Dag virdrun.
D’Zuel vun den Doudesaffer läit weiderhi bei 4.
RECTIFICATIF: Chiffres erronés: 484 infections en date du 20 mars 2020
Communiqué par: ministère de la SantéLes chiffres communiqués par le gouvernement en date du 20 mars 2020 étaient erronés: il y a 484 cas d’infection au Covid-19, et non pas 618.