De Replay vum Pressebriefing mam Xavier Bettel
Donieft huet de Premier Xavier Bettel e Freideg matgedeelt, datt aktuell 16 Persounen am Spidol sinn, dovunner der 3 op der Intensivstatioun.
D'Zuel vun den offizielle Corona-Infizéierte bleift zu Lëtzebuerg bei 484 Persounen. Et gouf bis ewell 5 Doudeger. Bei engem weideren Doudege waart een nach op d'Resultat vum Test, ob déi Persoun och mam Coronavirus infizéiert war an dorunner gestuerwen ass. 16 Leit sinn am Spidol, dovunner 3 op der Intensivstatioun. 21 weiderer sinn am Spidol, mee do sinn d'positiv Tester nach net confirméiert.
De Premier sot donieft um Pressebriefing e Freideg de Mëtteg, hien hätt léiwer vill positiv Coronafäll well dat géif bedeiten, datt vill getest géif ginn, wéi de Contraire: ee Land wou net vill getest géif ginn, an deemno de Virus onentdeckt sech weider verbreet.
Am Regierungsrot goufen dann nach aner Punkten diskutéiert. De Reglement Grand-Ducal iwwert den Etat de Crise gouf op eenzel Punkte präziséiert. Et geet ëm d'Fro vun den Exceptiounen. Grondsätzlech soll een doheem bleiwen. Dat ass d'Grondreegel. De Premier huet nach emol drun erënnert, datt Persounen, déi schaffe musse goen, oder akafe musse goen, dat och maachen dierften. Et wier och erlaabt, no Déiere kucken ze goen. Zum Beispill no senge Päerd.
Wat d'Spadséieren dobaussen ugeet, fir frësch Loft ze huelen, wier dat erlaabt. Eleng oder mat deene Leit, wou ee wunnt. Et gëlle weider d'Hygiènesreegelen an d'Sécherheetsdistanz vun 2 Meter. Dat géif awer net heeschen, mam Auto een Ausfluch ze maachen, esou de Premier.
Hie wier frou, datt de Gros vun de Leit sech un d'Reegelen halen. Just esou kéint een duerch déi Kris kommen. Fir ze kucken ob d'Leit sech dann och un d'Reegelen halen, huet de Premier erkläert, datt en Donneschdeg 400 Kontrolle vun der Police gemaach goufen. Keen eenzegen Avertissement ass un Eenzelpersounen ausgestallt ginn. D'Leit goufe just mëndlech drop opmierksam gemaach, zum Beispill wa Spillplazen zou sinn. Ee Commerce an ee Café goufen awer en Donneschdeg verbaliséiert.
Wa Leit plënnere mussen, ass dat och erlaabt. Fir ze verhënneren, datt d'Leit op eemol op der Strooss sëtzen. Am Regierungsrot gouf och festgehalen, datt den Transitverkéier och sonndes erlaabt ass. Wuere si méi wichteg wéi jee, esou de Premier.
Un de Grenzen ass d'Situatioun stabel. Et wier een am permanente Kontakt mat den Nopeschlänner. 50 Douaniere goufen iwwerdeems un d'Grenze geschéckt, fir d'Kolleegen aus den Nopeschlänner bei hirer Aarbecht z'ënnerstëtzen.
De Premier ass och op den Online-Shop agaangen, deen zanter en Donneschdeg operationell ass, a sech un déi Vulnerabel adresséiert. 60 Bestellunge goufen iwwert Telefon gemaach. 350 Commandë goufen iwwert den Internet gemaach.
Beim CHL gëtt grad ee provisorescht Spidol opgebaut. A Kooperatioun mat engem Zerwiss vun der Nato. D'Zuel vun de Better soll esou an d'Luucht gesat ginn. Et ass eng präventiv Aarbecht, esou de Premier, am Fall wou d'Situatioun sech an den nächste Woch verschlechtere wäert. RTL-Informatioune no, wiere 6 Flich geplangt fir d'Struktur anzefléien. Eng Struktur mat maximal 100 Better, déi fir Patiente sinn, déi net musse beootemd ginn, sou eng Pressespriecherin vum CHL. Wéi et schéngt wier een Deel vun der Liwwerung och schonn ukomm a géif beim CHL stoen, dat huet eise Reporter op der Plaz gesinn. Et wieren dat Container, déi hannert dem CHL installéiert goufen, d'Arméi ass am Asaz fir ze hëllefen. D'Leit sollen d'Zaldote bei hirer Aarbecht och wgl. net stéiere goen.