"Vertrauen ass do, dat ass dat Wichtegst"
Fir de Chef vun der CSSF, der "Commission de Surveillance du Secteur Financier" sinn d'Banken haut Deel vun der Léisung an dëser sanitärer Kris.
D'Vertrauen am Secteur wär do an dat wär dat Wichtegst. Fir de Claude Marx ass et wichteg, elo am Deconfinement ganz virsiichteg ze sinn, well de Risiko an eng Finanzkris ze rutschen ass do. D'Corona-Pandemie hannerléisst e gigantesche Scholdebierg. Dat erënnert un d'Finanzkris 2008. Mat engem engem ganz groussen Ënnerscheed, wéi de Claude Marx, de Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur ënnersträicht.
D'Banke wären aktuell en Deel vun der Léisung fir d'Kris ze bekämpfen.
"2008 hunn d'Banken d'Kris verschëllt, d'Realekonomie war net an der Kris. Hei si mer elo an der ëmgedréinter Situatioun, wou mer eng sanitär Kris hunn, déi eng Wirtschaftskris verursaacht an d'Banke sinn den Ament do, fir ze hëllefen."
Sollt dat awer undaueren a sollte vill Betriber hir Kreditter net kënnen zeréck bezuelen, da géif de Risiko bestoen an eng Finanzkris ze rutschen.
D'Finanzplaz ass iwwerliewenswichteg fir d'Ekonomie vum Land. Wéi wierkt sech dann déi sanitär Kris op de Secteur aus? D'Aboussen op d'Geschäft vun de Banken a vun der Fongenindustrie géife sech a Grenzen halen. Fir de Claude Marx ass den Ament d'Vertrauen do, an d'Vertraue wär dat wichtegst.
D'Banke wär allgemeng haut vill besser opgestallt, wéi dat virun 12 Joer de Fall war. D'Suen op de Lëtzebuerger Banke wäre sécher. De Chef vun der CSSF erënnert drun, datt et zu Lëtzebuerg eng sou genannt "Einlagesicherung" vun 100.000 Euro pro Kreditinstitut gëtt. Um Niveau vun der Organisatioun vun der Bank, wéi bei der Opsiicht, wäre Léieren aus der Finanzkris 2008 gezu ginn.

D'CSSF huet schonn Ufanks Mäerz de Finanzsecteur mat ugewisen, virsiichteg ze sinn an massiv den Télétravail ze notzen. Intern huet d'CSSF zu 98% an der éischter Woch vum Lockdown vun doheem aus geschafft. Dat hätt ganz gutt funktionéiert, souwuel am Kontakt mat de Betriber, mat der Regierung an och mat den auslänneschen Autoritéiten. Fir den Ament ass et d'Uweisung nach bis Enn Mee am Télétravail ze bleiwen. Mä och dono misst de Secteur virsiichteg bleiwen. D'CSSF kontrolléiert ëmmerhin 50.000 Leit. Wann een do géif d'Famillen derbäi rechnen, wär de Secteur e potentielle Foyer, fir eng zweet oder drëtt Well vum Virus.
De Generaldirekter vun der CSSF ka sech virstellen, datt och fir d'Zäit no Corona den Télétravail méi wäert genotzt ginn. Dat hätt och en Impakt op d'Bürosfläch, déi gebrauch gëtt, op de Verkéier, op d'Ëmwelt. Och déi nohalteg Finanze géifen elo méi séier an de Fokus kommen. Dat wär jo och eng Prioritéit vun der EU-Kommissioun an hei wëll och d'CSSF hire Bäitrag leeschten.