Fro no méiglechem Favoritismus beim Projet "LUXEOSys"?

De Projet «LUXEOSys» suergt weider fir Rumeuren: de Militärsatellit, dee Lëtzebuerg keeft, a gutt duebel sou deier gëtt, wéi initial virgesinn.
Dat war an de leschte Woche jo bekannt ginn, nodeems de François Bausch, d'Deputéiert vun der Budgetskontroll-Kommissioun doriwwer informéiert hat. Gestëmmt gouf de Projet an der leschter Chamberssëtzung am Juli 2018, virun de Walen also.
De Verdeedegungsminister François Bausch war d'lescht Woch scho mat Beroder vu Price Waterhouse Coopers an d'Budget-Kontrollkommissioun vun der Chamber komm.
Déi solle fir de Ministère eng sougenannten "Assistance à la maîtrise d'ouvrage" maachen, also e Konzept, mat de Besoinen dran, firwat de Satellit herno ka genotzt ginn, vu wiem, op wéi enger Zäitschinn, mat wéi enge Buedem-Statiounen a sou weider.
PWC huet och schonn e Rapport gemaach, dee gréisser Froen opwerft. Och de Radio 100,7 huet dëse Rapport e Méindeg thematiséiert. Tëscht November 2019 a Februar 2020 huet PWC, op Demande vum aktuelle Verdeedegungsminister de Rapport gemaach, fir de Projet genee z'analyséieren. Mam Fazit, dass hei Etappe vun enger normaler Prozedur iwwerspronge goufen.
Am Fokus steet déi italienesch Firma OHB-I, fir déi e Lëtzebuerger Betrib als Fournisseur schafft, an déi zesumme favoriséiert gi wieren, huet op d'mannst de Sven Clement vun der Piratepartei de Verdacht. Hie sot eis am RTL-Interview, dass hien d'Gefill hätt, dass beim Opstelle vum Budget vun der Firma alles gemaach gi wier, fir ze gefalen, an de Budgetserwaardungen z'entspriechen. Dat, wat als Budget vun OHB-I proposéiert a schlussendlech och zeréckbehale gouf, déi 170 Milliounen Euro, ginn eben de Loin net duer. Et wäert vill méi op dat Duebelt erauslafen.
Dem Verdeedegungsminister Bausch gëtt de Sven Clement keng Schold. Hie wier direkt an d'Chamber komm, fir de Problem z'erklären. Vill méi misst den Etienne Schneider nach emol gehéiert ginn, ënnert deem dat Ganzt ebe lancéiert gi war.

© RTL-Archiv
Dass déi initial 170 Millioune Gesamtkäschten net realistesch waren, hätt ee scho virun der Ënnerschrëft mat OHB-I gewosst, déi eleng 168 Millioune fir de Bau vum Satellit an de Buedemstatiounen a Rechnung gestallt huet. D'Fonctionnementskäschte géifen awer eben och massiv an d'Geld schloen, well dem Rapport vu PWC no "héichqualifizéiert Personal gebraucht géif ginn". Ufanks war geduecht ginn, dass d'Arméi de System kéint bedreiwen, wat awer irrealistesch wier. 5 Milliounen d'Joer Personalkäschte missten hei agerechent ginn. Derbäi kéim de Loyer vu Leitunge mat der Belsch, well d'Antennen do wäerten opgeriicht ginn. Den Härebierg, wéi dat u sech ufanks geduecht gi war, kéim fir esou eng Anlag net a Fro.
Et goufen dann och zwou weider Demandë bei der Ausschreiwung, déi op Grond vum vill méi héije Chiffer awer verworf goufen. Et wier, mam Wësse vun haut, awer gutt méiglech, dass déi zwou Offere méi bëlleg waren, wéi dat, wat haut zu Buch wäert schloen: ronn 350 Milliounen Euro.
Enn dës Mounts ass d'Budgetskontroll-Kommissioun eng weider Kéier beieneen, da kann ee gespaant sinn, wéi dat finanziellt Konzept dann ausgesäit, wat PWC also den Ament ausschafft, an och, wat mat den initialen 170 Milliounen Euro ewell schonns gemaach gouf.
Fir de Sven Clement stellt sech dann och d'Fro no der Rationalitéit vun dësem Projet, déi och d'Presidentin vun der Budgetskontroll-Kommissioun Diane Adehm am RTL-Interview scho gestallt huet. Wäit iwwer 300 Milliounen Euro a Krisenzäite fir e Satellitte-Projet schéngt fir vill Leit nämlech net immens opportun.