Ënner néidege SécherheetsmesurenGleeweg konnten zu Wolz bei d'Muttergottes vu Fatima biede goen

Christophe Hochard
Den traditionelle Pelerinage op Christi Himmelfaart ass wéinst dem Coronavirus awer ausgefall.
Pilgere bei d'Fatima ofgesot
Leit, déi et awer maachen, musse sech un Hygiènesreegelen halen.

Zanter 1968 pilgeren all Joer Zegdausende vu Gleewege bei d’Monument “Notre Dame de Fatima” op Baessent. Am Januar 1945 haten 10 Mënschen zu Wolz am Keller vum Paschtoueschhaus versprach, en Denkmal opzeriichten, sollte si d’Ardennenoffensiv iwwerliewen. Ugangs de 50er Jore gouf mam Bau ugefaangen. Zanter Mëtt de 60er Jore pilgeren all Joer fir Christi Himmelfaart portugisesch Immigrante bei d’Monument.

Wéinst der aktueller Pandemie ass de Cortège dëst Joer bei d’Fatima op Wolz annuléiert ginn. Trotzdeem konnten déi Gleeweg en Donneschdeg zu Wolz an d’Kierch ënnert den néidege Sécherheetsmesurë bei d’Muttergottes biede goen.

E Grapp voll Mënsche vun der portugisescher Communautéit hunn dann och zesummen eng Mass zu Bouneweg gefeiert. Si wollten op Christi Himmelfaart un d’Muttergottes Maria erënneren. D’Mamm vun all de Leit op der Äerd. D’Mass, déi de Paschtouer en Donneschdeg de Moie gehalen huet, gouf iwwer déi sozial Netzwierker gestreamt.

Op elo an der Bouneweger Kierch oder zu Wolz beim Monument. D’portugisesch Communautéit huet um Donneschdeg trotz Corona-Kris de Glawen un d’Maria respektiv d’Fatima net verluer.

Back to Top
CIM LOGO