Start an d'GrondschoulMinistère schwätzt vu gelongener Rentrée, de Modell géif funktionnéieren

RTL Lëtzebuerg
Fir ronn 52.000 Kanner huet um Méindeg d'Grondschoul nees ugefaangen. De Claude Meisch seet am Communiqué allen Acteure "Merci" fir déi gutt Aarbecht.

No 10 Wochen zouene Dieren, war et e Méindeg dann d’Rentrée vun de Grondschoulkanner zu Lëtzebuerg. Ma et war simultan och d’Rentrée vun de Betreiungsstrukturen a Kompetenzzenteren.Dem Educatiounsministère no stoung de Modell, dee fir dës Rentrée ausgewielt gouf, am Zeeche vun der Sécherheet an der Bildungschance fir all Schüler.52% vun de ronn 52.000 Kanner gi just fir d’Léierwoch moies an d’Schoul. 42% si moies an den Études surveillées ageschriwwen a ronn 30% sinn och nomëttes an der Betreiung, heescht et am Communiqué vum Bildungsministère.Zu Lëtzebuerg ass dës Rentrée jo sou gereegelt, dass all Kand d’Méiglechkeet kritt an d’Schoul ze goen, sou dass verschidde Gruppe vu Kanner doheem bleiwen an déi aner Grupp an d’Schoul geet, fir esou d’Unzuel u Kanner an der Schoul ze miniméieren. Dono géifen dës Gruppen da getosch ginn, sou dass déi Kanner, déi eng Woch doheem ënnerriicht goufen, déi Woch drop kënnen an d’Schoul goen a vis versa. Hei hätt et dann och eng gutt Zesummenaarbecht ginn, sou dass dëse Modell och konnt mat Succès ëmgesat ginn.Essentiell Contenue goufe mat de regionalen Direktiounen definéiert, déi nach musse mam Schüler bis Enn dës Joer duerchgeholl ginn, fir dann och kënnen an dat nächst Schouljoer am September ze goen. Den Impakt op de Bildungswee vun de Schüler soll sou kleng wéi méiglech bleiwen, sou dass d’Schoulen am September nees normal kënnen opgoen.An Zesummenaarbecht mat de Gemengen, de Maison Relaisen, dem Syvicol, der Fedas, der Felsea a ville weideren Acteure konnt och d’Zesummespill tëscht der Schoul an der Betreiung garantéiert ginn, gëtt am Communiqué ënnerstrach.De Minister seet a sengem Schreiwes ausdrécklech allen Acteure Merci, déi matgehollef hunn, dës “Mammutaufgab” ëmzesetzen.Iwwer 1.000 qualifizéiert Persoune konnten no engem Opruff vum Ministère zousätzlech rekrutéiert ginn, fir den Oflaf an der Schoul ze garantéieren. Fir d’Études surveillées goufen eleng 1.000 Leit nach eemol rekrutéiert an nach eemol 300 Persoune fir d’Betreiung nomëttes.Iwwert de Wee vun der Cellule logistique, déi vun der Regierung op d’Been gestallt gouf, konnten dann och d’Grondschoulen a Lycéeën, sou wéi d’Betreiungsstrukturen an d’Kompetenzzenteren ekipéiert ginn.Hei eng kleng Iwwersiicht vum Material dat zur Dispositioun gestallt gouf:Buffen: 392.000 Stéck
Chirurgesch Masken: 1.750.000 Stéck
Spender fir Desinfektiounsmëttelen: 28.000 Stéck
Duerchsichteg Protektiounswänn: 9.000 Stéck
Visièren: 8.000 Stéck
Cônen (Circulatiouns-Hittercher): 5.000 Stéck
Signalisatiouns-Tape: 236 Kilometer
Markéierungsbänner: 216 Kilometer

Schoulrentrée zu Käerch an zu Walfer

Et war eng ganz ongewinnte Rentrée e Méindeg de Moien an der Grondschoul: mat Masken, Feiler, Bännercher, Hittercher an der permanenter Devise “Hänn wäschen”. D’Schüler aus dem Fondamental si jo och a Gruppen agedeelt a si gi wann néideg och no der Schoul betreit.

RTL war e Méindeg de Moie mat der Kamera an der Grondschoul zu Käerch. Hei ass den éischte Schouldag no 10 Woche Confinement ganz disziplinéiert an ouni Chaos ofgelaf.

Schoulrentrée zu Käerch
RTL war e Méindeg mat der Kamera an der Grondschoul zu Käerch. Hei ass den éischte Schouldag no 10 Woche Confinement ganz disziplinéiert an ouni Chaos ofgelaf.

D’Annick Goerens war fir RTL e Méindeg de Moie bei der Schoulrentrée zu Walfer mat dobäi.

25/05/2020 BAND Rentrée Grondschoul Walfer 17h50 -goerens-

Schreiwes vum Schoulministère

Schoulrentrée zu Diddeleng mam Educatiounsminister Claude Meisch (25.5.20)
Corona-Rentrée an der Grondschoul: Iwwer 57.000 Kanner ginn dës Woch nees an d’Schoul
RTL-Artikel: Ënner Corona-Mesuren: E Méindeg hunn am Secondaire d’Ofschlossexamen ugefaangen

[block type="title”]
Gelongene Start an der Grondschoul am Zeeche vun der Sécherheet a vu faire Bildungschancen (25.05.2020)
Back to Top
CIM LOGO