Ass alles gutt am Land?
© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
D'Familljeministesch war e Méindeg de Moie virum Mikro an eiser Emissioun "Invité vun der Redaktioun". Vill Neies gouf een net gewuer.
Iwwer d'Situatioun am Blannenheem zu Rolleng bei Miersch, iwwer d'Alters- a Fleegeheemer, d'Strukture fir Leit mat engem Handicap an iwwer d'Spillplazen gouf an der RTL-Emissioun "Invité vun der Redaktioun" geschwat. D'Corinne Cahen war virum Mikro.
Vill Neies ass d'Annick Goerens awer e Méindeg de Moien net gewuer ginn an huet sech e bëssen kritesch mat dësem Gespréich ausernee gesat.
Et war an deem Sënn den typeschen diplomateschen Talk vun enger Ministesch, déi d'Decisioune vun der Regierung verdeedegt a soss net vill Tacheles schwätzt. Wat d'Situatioun am Blannenheem zu Rolleng bei Miersch ugeet, do huet d'Corinne Cahen drop verwisen, datt de Verwaltungsrot e Méindeg wëll kommunikéieren. Wat och am Laf vum Moie geschitt ass, wéi mer elo just héieren hunn.
Op d'Fro, firwat d'Regierung am Ufank souvill Appeller un eeler Leit gemaach huet an elo guer net méi, äntwert d'Ministesch dëst:
"Also d'eeler Leit an Leit mat Virerkrankung sinn nach ëmmer extra vulnerabel, well si eben ee méi schlëmme Krankheetsverlaf kënnen hunn. Mä ech menge mir hunn an deene leschte Méint alleguerte geléiert, mir kenne wéi gesot d'Gestes barrières. Ech menge mir hunn alleguer geléiert domat ze liewen, soulaang mer mat dem Virus do zesumme musse liewen. Dat gëllt och fir déi eeler Populatioun."
Op all Fro koume quasi déi nämmlecht Aussoen, wéi mer se zanter der Corona-Pandemie kennen, Eege-Verantwortung, Hänn wäschen, Masken droen etc.
An Alters- a Fleegeheemer si mëttlerweil och nees méi Fräiheete méiglech, ma et klappt nach net iwwerall. Dat léich dorun, erkläert d'Corinne Cahen, dass et een Ënnerscheed géing ginn tëscht Leit, déi bei sech doheem wunnen an deenen, déi an esou Heemer sinn.
"Wann ee bei sech doheem ass, dann ass ee responsabel fir sech selwer. Wann een an engem Alters- a Fleegeheem ass, da lieft een an enger Communautéit. An dann ass een och iergendwou responsabel fir säin Zëmmernoper oder säin Dëschnoper, wann dann de Restaurant nees op ass. An do ass d'Situatioun dann och bëssen eng aner. An ech muss och soen, dass déi Haiser, wou de Covid-19 dobanne war, wärend der Period, dat ass net flott."
D'Direktioune vun deenen Haiser missten awer selwer decidéieren, wéi si sech am Beschten organiséieren, well d'Populatiounen an den Heemer ganz verschidde wieren. D'Ministesch verweist deemno op Eege-Responsabilitéit, wat dozou féiert, dass d'Mesuren iwwerall ganz ënnerschiddlech sinn. Koherent ass dat net.
Firwat a ville Strukture fir Leit mat Behënnerung och nach ëmmer quasi ee Lockdown wär, äntwert d'Ministesch och net konkret. Do géingen et eben méi a manner vulnerabel Leit ginn. Op dës da verschidde géingen behandelt ginn, war net gewuer ze ginn. Deelweis wären Atelieren nees op an d'Normalitéit hätt och do hire Wee nees fonnt. Famillje vu Concernéierte gesinn dat awer anescht. Och hei läit d'Responsabilitéit net bei der Regierung.
Wat d'Kritik un den zouene Spillplazen ugeet, do huet d'Ministesch Versteesdemech, mä...
"Mä t'ass esou, dass d'Regierung decidéiert hat ëmmer nees bei den Ouverturen ofzewaarden, wat geschitt. Geet do d'Zuel vun den Infizéierten an d'Luucht oder net. An mir haten eis do am Fong vun Ufank un d'Wuert ginn, dass ëmmer 2-3 Woche gewaart gëtt, éier dass eppes Neits nees opgeet."
D'Ministesch wier awer och zouversiichtlech, datt de Mëttwoch am Regierungsrot decidéiert gëtt, d'Spillplazen nees opzemaachen.
De Rassismus war och zum Schluss kuerz een Thema. Et soll een opklären, sot d'Ministesch a verweist op positiv Programmer vun der Regierung, déi versichen dorop opmierksam ze maachen, dass all Mënsch wäertvoll ass. Donieft géint ee gesinn, dass Betriber mat enger Diversity Charter vill besser Zuele géinge schreiwen. D'Hallschent vun der Populatioun hätt eng aner Nationalitéit an et géing ee gesinn, dass et gutt fonctionéiert.
Wann ee sech dat unhéiert, huet Lëtzebuerg also kee Problem, alles ass gutt. U wat genee d'Ministesch dat fest mécht, ass net kloer. Un Etüden iwwer de Rassismus hei am Land feelt et nämlech.