Fir d’Leit an den Alters-a Fleegeheemer géifen déi nämmlecht Sécherheets- a Hygiènesreegelen gëllen, wéi fir de Rescht vun der Populatioun. D’Direktioune vun deenen Haiser missten awer selwer decidéieren, wéi si sech am Beschten organiséieren, well d’Populatiounen an den Heemer, jee nodeem, ganz verschidde wieren. Dat sot d’Familljeministesch Corinne Cahen e Méindeg de Moien am RTL-Interview.
Déi eeler Leit wiere nach ëmmer e Risikogrupp, ma elo misst een awer léiere mam Virus ze liewen.
D’Ministesch hätt och Versteesdemech, datt d’Leit kritiséieren, datt d’Spillplazen nach zou bleiwen. Si wier awer och zouversiichtlech, datt e Mëttwoch am Regierungsrot decidéiert gëtt, d’Spillplazen nees opzemaachen.
Wat d’Situatioun am Blannenheem zu Rolleng bei Miersch ugeet , do huet d’Corinne Cahen drop verwisen, datt de Verwaltungsrot e Méindeg wëll kommunikéieren. D’Kriticke géifen awer eescht geholl ginn.
E Méindeg de Moie war d’Familljeministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.
RTL-Artikel vum 4. Juni 2020: Blannenheem zu Rolleng: Aktuellen Direkter Jean-Paul Grün nennt d’Reprochë relativ haart
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.