Bei getrennte Gespréicher mat de Gewerkschaften an dem Patronat ass d’Regierung sech e Mëttwoch eens ginn, dass am Juli eng Tripartite organiséiert gëtt. Am Regierungsrot gouf doriwwer eraus decidéiert, dass et an eng weider Phas vum Deconfinement gëtt an de Chômage partiel bis Enn vum Joer verlängert gëtt.