Wéi huet den Teletravail den Alldag an d'Aarbecht verännert?
Déi meescht vun eis hu mat Sécherheet an der lescht vum Home Office profitéiert. Schaffe vun doheem huet fir vill Employéen eppes Praktesches.
Zemools huet ee manner Stress fir op d'Aarbecht. Dës Kris huet bei den Entreprisë fir een Ëmdenke gesuergt a vill Patrone wëllen den Teletravail an der Firma etabléieren. Et gëllen awer net fir jiddereen déi nämmlecht Reegelen.
Vill Employéë goufen duerch d'Corona-Kris forcéiert, vun doheem aus hir Aarbecht ze maachen. Esou och Sandra Alves Pinto. D'Mamm vun zwee Kanner schafft am Personalbüro vun enger Entreprise, wou 1.100 Employéen engagéiert sinn. D'Ëmstellung vu Büro op Home Office, déi war am Ufank awer net einfach.
"Well et war eng komplett aner Situatioun, wou mir wierklech vun engem Dag op deen aneren de Modus, an deem mir schaffen, anescht erliewen."
Duerch d'Kris hu vill Betriber gemierkt, wéi gutt den Teletravail funktionéiert. Dowéinst ass et nëmme logesch, dass vill Manager elo op d’Iddi kommen, den Home Office an den Entreprisen ze etabléieren. Am Büro doheem gewënnt een Zäit. Um Wee fir op d’Schaff ass kee Stau an esou kënnt ee mat manner Stress op de Büro un. Déi meescht sinn am Teletravail och méi produktiv.
Den sozialen Kontakt muss de Patron bei der Ëmsetzung awer am Hannerkapp behalen. Deen ass wichteg an dierf net vergiess ginn, fënnt Sandra Alves Pinto.
"Et huet een eng gewësse Flexibilitéit par Rapport zum "Work-Life-Balance". Den Nodeel ass awer kloer de sozialen Impakt mat sengen Aarbechtskolleegen. Et kann een definitiv via Videokonferenz verschidde Punkten klären, bei anere Punkten ass et vill méi schwéier."
Den Home Office huet mat Sécherheet eng Konsequenz op den Trafic an entlaascht eis Stroossen. Esou einfach wéi dëst an der Theorie klengt, ass et ënnert dem Stréch awer net.
Den Teletravail fir d'Frontalieren
Wou e Lëtzebuerger Resident zu 100% vum Teletravail ka profitéieren, ouni Konsequenzen ze fäerten, musse Frontalieren allerdéngs op e puer Saachen oppassen.
Duerch en Ofkommes mat den Nopeschlänner dierfen déi belsch Frontalieren aktuell 24 Deeg vun doheem aus schaffen, d’Fransousen 29 Deeg a bei deenen Däitsche sinn et 19 Deeg am Joer. Falls dëse Pensum iwwerschratt gëtt, muss de Salarié een Deel vu sengem Salaire a sengem "Pays de Résidence" verstéieren.
Och bei der Sozialversécherung muss opgepasst ginn. Wann ee Frontalier méi wéi 25% a sengem "Pays de Résidence" schafft, gëtt de Salarié a sengem Land affiliéiert. Déi Reglementatioune goufen awer duerch d'Corona-Pandemie op Äis geluecht, géifen awer nom Etat de Crise nees ulafen.
Wann ee bedenkt, dass dem Statec no Enn 2019, 203.500 Frontalieren am Grand-Duché geschafft hunn, wat ronn 46 Prozent vun der aktiver Populatioun entsprécht, wier et elo un der Zäit, déi zwee Punkten unzepassen.
Donieft stellt sech d'Fro, wat passéiert, wann een Accident wärend der Aarbechtszäit am Home Office geschitt. D’Affekotin Catherine Delsaux Schoy vu Kaufhold & Reveillaud, Avocats deelt mat, dass een Aarbechtsaccident wärend dem Home Office vun der "Assurance Accident" en Charge geholl gëtt.
Opgepasst bei der Informatik a bei der Technik
Och bei der Technik muss een oppassen. De Robert Weydert, CEO & IT Systems Administrator vun CRW – Computers by Robert Weydert informéiert, dass et en Ënnerscheed gëtt, ob de Salarié säi private Computer benotzt oder ee vum Betrib kritt.
"D’Computere vun der Firma sinn an der Reegel konform, dat heescht si si protegéiert duerch en Antivirus, mee déi privat doheem hunn effektiv dacks de Problem, dass déi Schuedsoftware hunn an déi kënnen dann de Reseau vum Betrib, wann en net gutt gemaach ass, infizéieren."
Fir ganz ville Problemer aus dem Wee ze goen, ass de Remote mat enger VPN Connectioun eng gutt Léisung.
"Da kann de Salarié nämlech op dem Server direkt schaffen an et gëtt just e Bild iwwerdroen. Esou schafft ee wei am Betrib, just, dass de Salarié eben doheem ass. Dat ass ëmmer nach menger Meenung no déi beschte Léisung an vun der Konformitéit hier absolut an der Rei."
An no der Kris?
No der Kris wäerten och weiderhin eng grouss Unzuel vun Salariéen vun doheem aus schaffen. Fir d'Sandra Alves Pinto war déi ganz Experienz mam Home Office awer eng speziell Erfarung.
"Mir hu Schoul an Aarbecht doheem. Ech mengen, et kann ee produktiv sinn, wann een eleng a konzentréiert ass. Wann een awer gläichzäiteg muss Schoul halen, da muss ee sech scho ganz gutt organiséieren. De Kontext war schonn exzeptionell."
Den Home Office ass aus der moderner Zukunft net méi ewechzedenken an d'Kris huet mat Sécherheet an dësem Beräich seng Spueren hannerlooss. An elo gëllt et, déi richteg Reegelen en Place ze sëtzen.