2023 fäerdegPost an der Stad gëtt "Lifestyle Hotel"

RTL Lëtzebuerg
D'Post huet hiren neie Projet virgestallt, fir aus dem ale Post-Gebai um Aldringer, wat ënner Denkmalschutz steet, en neien Hotel ze gestalten.
Aalt Post-Gebai gëtt een Hotel mat Butteker a Restauranten
D’Post huet hiren neie Projet virgestallt, fir aus dem ale Post-Gebai um Aldringer, wat ënner Denkmalschutz steet, en neien Hotel ze gestalten.

No méi wéi 100 Joer huet d‘Post hire Siège 2017 um Aldringer opginn. Do, wou ee fréier an den ale Post Guicheten Timbere kaf huet, sollen an 3 Joer 5-6 Butteker opmaachen. An de Bannennhaff wäert ee mat Glas iwwerdaachte Restaurant kommen, dernieft e Bar, eng Bibliothéik. Zoustänneg fir de Bannen-Design ass d’Geraldine Dohogne, déi schonn déi al Post zu Gand an e Lifestyle-Hotel verwandelt huet.

Geraldine DOHOGNE, international Erfarung an der Hotel-Konzeptioun:

La philosophie, c’'est de redonner vie à ce bâtiment qui a été fermé pendant des années. De donner accès libre à tous les luxembourgeois, touristes, hommes et femmes d’affaires. Et donc de faire revivre le bâtiment tel qu’il était à l’époque de sa construction.

Dat war Ugangs 20. Joerhonnert. An de fréiere Büroe soll de Lifestyle-Hotel mat senge 85 Zëmmere kommen. An e coworking space, also en oppene Büroraum fir méi Entreprisen mat Reunionssäll. Am Keller ass e Wellness a Spa-Beräich geplangt. Dat aalt Gebai um Aldringer, dat ënner Denkmalschutz steet, bleift integral am Besëtz vun der Post. Déi sech awer fir de Projet mam franséischen Immobilie Conceptiouns Grupp Artéa zesummegedoen huet.

PDF Kaart

Back to Top
CIM LOGO