D’Urteel gouf geschwat an der Affär ëm en Ex-Polizist, deen am September 2016 zu Bäreldeng seng Schwëster an där hire Mann mat Gëft ëmbruecht huet.

Sou wéi vun der Vertriederin vum Parquet gefrot, gouf e Freideg de Moien um Stater Geriicht liewenslängleche Prisong géint den Ex-Polizist gesprach, deen am September 2016 senger deemools 30 Joer aler Schwëster an dem dunn 31 Joer ale Schwoer Zyankali an e Gedrénks gemaach hat.

Den Täter hat bestridden, d'Absicht gehat ze hunn, seng Schwëster a säi Schwoer ëmzebréngen, wéi hien d'Gëft am Darknet bestallt hat. 7 Parties civiles kruten doriwwer eraus net grad 350.000 Euro Schuedenersatz zougesprach.

Nom Urteelssproch huet et geschéngt, wéi wann d'Affekoten dat mol misste sacke loossen, well weder eng Affekotin vum suspendéierte Polizist, nach zwee Affekote vu Parties civiles waren zu enger Reaktioun bereet. Woubäi d'Me Nora Dupont, a Vertriedung vum Me Rosario Grasso als Affekot vum Polizist, mat de Mikroen aus erkläert huet, dass een d'Motivatioun vum Urteel fir d'Éischt misst liesen. Vue dass de Me Grasso a sengem Plädoyer gemengt hat, net de geplangte Mord wär zréckzebehalen, mä d'Administréiere vu Substanzen, déi zum Doud gefouert hunn, ouni dat ze wëllen, a vue dass d'Héchststrof gesprach gouf, dierft et awer zum Appellsprozess kommen. Ze verléiere gëtt et jo näischt...

Duebele Mord zu Bäreldeng / Rep. Eric Ewald

Am Prozess hat den Ex-Polizist vun haut 30 Joer ënnert anerem ausgesot, dass hie Schold wär un deem, wat geschitt ass, ma den Affer hiren Doud net gewollt gewiescht wär, dass hie ganz vill falsch gemaach hätt an dass hien zu 100% am Feeler wär. Déi fatal Momenter hat hie sou beschriwwen, dass hien en Aperitif proposéiert, e puer Drëpse Gëft dragemaach a Schwëster a Schwoer dee ginn hätt. Déi wären zäitno kaum nach unzesprieche gewiescht an allen zwee zesumme gaangen. Als Grond fir d'Dot hat de Mann uginn, dass hien der Schwëster an dem Schwoer eng Vakanz wollt verdierwen, an déi si 6 Deeg drop sollte fueren, eng Rees, op déi hien am Ufank hätt solle matgoen, ier sech Schwëster a Schwoer dat anescht iwwerluecht haten. An deem Kontext hat de Mann vun enger Wonn geschwat an dass hie sech verrode gefillt hätt. Wat d'Vertriederin vum Parquet awer net gëlle gelooss hat. Si hat e finanziellt Motiv als dat plausibelst bezeechent an och fonnt, de Mann wär net knéckeg gewiescht mam Gëft, dat e ginn hat. D'Riichter hu kloer méi zu hirer Säit tendéiert, wéi zu där vum Affekot vum Polizist.

Weider News vun dësem Prozess