Large Scale TestEt goufen am Prinzip keng falsch Negativ-Tester, sou de Prof. Dr Ulf Nehrbass

Claudia Kollwelter
Nodeems de Large Scale Testing eriwwer ass, fänkt scho geschwënn eng nei Testphas un.
Large Scale Test
Nodeems de Large Scale Testing eriwwer ass, fänkt scho geschwënn eng nei Testphas un.

Am Kader vun der Large Scale Test-Campagne zu Lëtzebuerg goufen et keng falsch Negativ-Tester an och keng falsch Positiv-Tester. Dat sot de Prof. Dr Ulf Nehrbass, de Coordinateur vun der Covid-Task-Force a Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health. Fir d‘Analyse gouf eng Pooling-Method applizéiert, dat heescht et goufe 4 Prouwe gläichzäiteg getest, fir esou Zäit a Suen ze spueren.

Erklärunge vum Prof. Dr. Ulf Nehrbass

Ass d’Resultat vun enger gepoolter Analys negativ, kann een dovun ausgoen, dass keng vun de 4 Persounen de Coronavirus huet. Ass de Pool vu 4 Echantillone positiv, da gi bannent zwou Stonnen am Labo déi 4 Prouwen nach emol separat vunenee getest, fir esou erauszefannen, wien déi infizéiert Persoun ass, an da muss just déi a Quarantän.

Äntwert op parlamentaresch Froen: Et kënne bis zu 20% falsch Negativ-Tester ginn, sou d’Paulette LenertNodeems de Large Scale Testing eriwwer ass, fänkt geschwënn eng nei Testphas un. De Staatslabo fokusséiert sech an deem Kader op Anti-Kierper-Tester, déi sollen hëllefen de Virus a seng Verbreedung zu Lëtzebuerg besser ze verstoen.

Wann een Antikierper hätt, géif dat awer net automatesch bedeiten, dass ee géint eng weider Infektioun mam Covid-19 geschützt wier.

Den LNS ass och a Kontakt mat Fuerscher an England, wou deemnächst Schnelltester an den Asaz kommen, déi bannent 90 Minutten e Resultat erméiglechen.

Esou Tester kéinten och zu Lëtzebuerg benotzt ginn, virdru géifen se awer vum Staatslabo evoluéiert a validéiert ginn.

LIH- an LNS-Tester - Reportage Claudia Kollwelter

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Martine Hansen a Georges Mischo

Back to Top
CIM LOGO