RTL-Informatiounen no iwwerhëlt den Daniel Cardao vum 1. September un den Direkter-Posten am Chem, dat allerdéngs just am Interim.

Dat bis ee Successeur vum Dr. Reimer fonnt ginn ass. Bis Enn des Mounts soll den ëmstriddene Generaldirekter vum Escher Centre hospitalier, den Hansjörg Reimer, dee Poste jo néierleeën.

Den Hansjörg Reimer war sech mam Verwaltungsrot eens, dass een um Poste vum Generaldirekter eng Persoun bréicht, déi sech zu 100 Prozent ëm d'Geschécker vum Chem këmmert an net niewebäi nach als Dokter praktizéiert, esou de President vum Verwaltungsrot an Escher Buergermeeschter, Georges Mischo, am RTL-Interview.

Den Dr. Serge Meyer gëtt Conseiller médical.

De Conseil d'Administration huet den Här Cardao unanime gewielt. Dës Informatioune ginn aus enger interner Kommunikatioun ervir, déi RTL virläit. Och hei gëtt nach eemol preziséiert, datt den Här Cardao de Posten am Interim iwwerhëlt, bis een ee Successeur fonnt huet.

Den Daniel Cardao ass aktuell och Member vum Conseil d'Administration, mä consultativ, also ouni Stëmmrecht. De 45 Joer ale Cardao war virdru beim CRP-SANTE als Directeur administratif a financier. Weider war hien och schonns administrative Responsabele vun enger Filial bei ArcelorMittal.