Vu Bierden bléist en äisege Wand
D’Awunner vu Bierden wiere sech géint eng Eolienne, déi vill ze no bei d’Haiser kéim an en negativen Impakt hätt op Mënsch an Natur.
Zu Bierden an der Gemeng Ierpeldeng mobiliséiert sech e ganze Quartier géint d'Opriichte vun enger Eolienne. Ze nobäi an ze héich, seet och d'Politik, déi déi zoustänneg Ministeren Detailer freet iwwer den Impakt op d'Gesondheet.
Enn August krut den Ettelbrécker Buergermeeschter Post aus der Nopeschgemeng Ierpeldeng. E Schreiwes, an deem d'Awunner vu Bierden, am Kader vun der Commodo/Incommodo-Prozeduer, géint eng geplangten Eolienne reklaméieren.
Op 77 Säite gi Géigenargumenter mat wëssenschaftlechen Etüden ënnermauert. Wat ass den Impakt op Gesondheet a Liewensqualitéit, froen d'Bierdener, déi sech net eleng doduerch veräppelt fillen, dass d'Wandmillen zwar op Ettelbrécker Säit, mee direkt un d'Grenz mat Ierpeldeng soll stoe kommen.
Se ass schonn impressionnant, d’Landschaft zu Bierden, eng Vue mat Horizont. A mat Awunner, déi dat natierlech appreciéieren an déi sech wiere géint déi héchst Eolienne aus dem Land. 230 Meter an d’Luucht an och déi, déi bis ewell mat 750 Meter Distanz, am nooste kéim.
Et geet ëm Schied, mee nach méi ëm de Kaméidi. Wann eng Eolienne dréit, schaalt et, eng Belaaschtung fir de Mënsch, déi net uerdentlech analyséiert gi wier. Wirtschaftlechkeet, Politik, alles dat géing matspille bei esou Projeten.
Eng 20 där Wandmille stéinge scho ronderëm, ronn 80 am ganze Land, de Gros natierlech am Éislek. Vu Bierden aus bléist elo awer en Äisege Wand Richtung Ettelbrécker Wandmillen.
