Déi Gréng Nordstad
"Projet Wandmille bei Bierden muss fale gelooss ginn"
Dëse Projet wier deene Gréngen eng Undeitung, datt déi grouss Gemengen an der Nordstad wéineg Respekt virun deene méi klengen hunn.
De Problem ass entstanen, well d'Gemengen Dikrech an Ettelbréck eben de Wandmille Projet un der Grenz mat Bierden wëllen opriichten. Dat gesinn déi Gréng awer kritesch a fuerderen d'Politiker vun der Nordstad op, endlech mateneen ze schaffen an esou d'Problemer an der Regioun zesummen ze léisen.
Esou Projeten, an dat stuert dru festhalen, trotz dem Awand vun aneren, géifen deene Gréngen no d'"Nordstad" a Gefor bréngen. Si plädéieren dowéinst dofir, fir d'Wandmille bei Bierden net opzeriichten, an zesummen e regionaalt Energiekonzept auszeschaffen.
Am meeschte gelies